Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Stefan Braum: Eng seriö Opbereedung vun der Covid-Pandemie steet nach ëmmer aus

Gesondheetspolitik

Stefan Braum: Eng seriö Opbereedung vun der Covid-Pandemie steet nach ëmmer aus

Sinn aus der Pandemie déi richteg Léiere gezu ginn? Déi Fro héiert ee ronderëm de 5. Joresdag vun den éischte Covidinfektiounen hei am Land méi dacks. Am 100,7-Interview ass den Droitsprofesser op e puer Punkten agaangen a stellt fest: Sou richteg vill huet sech zënter deem net geännert.

auto_stories

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Wat wier, wa muer nees eng Pandemie ausbrieche géing? Wiere mir rechtlech gesi besser opgestallt wéi viru 5 Joer? De Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg mengt net.

“Zur Zeit der Pandemie, aber auch danach, wurde ja von politescher Seite und auch der damaligen Oppositioun richtegerweise ein allgemeines Pandemieschutz-, oder Infektiounsschutzgesetz gefordert, auf das wir bis zum heutigen Tag leider warten, sodass zu befürchten wäre, dass wir zum selben Stil der Gesetzesgebung wieder zurückgreifen müssten.”

D’Excuse, datt et laang Zäit bréicht, fir esou ee Gesetz op d’Been ze stellen, léisst de Stefan Braum net gëllen. Sou laang dierft een nämlech eigentlech net brauchen. Fir esou ee Gesetz ze schreiwe muss een d’Pandemie opgeschafft hunn. Dat brauch Zäit, gëtt den Droitsprofesser zou. Mee genau do gesäit hien zu Lëtzebuerg de Problem. Zwar hätt et an der Chamber gutt Usätz ginn, fir dësen Exercice ze maachen, mee eng richteg Opbereedung steet weiderhin aus.

Opbereedung als Revancheaktioun?

Aktuell gesäit et dann och net dono aus, wéi wann dat an Zukunft geschéie wäert, bedauert de Stefan Braum. An dat, obwuel et europawäit u sech eng Fuerderung vun der Zivilgesellschaft ass, d’Pandemie op eng seriö Aart a Weis opzebereeden.

Hie betount awer och, datt dëst eng ambivalent Aufgab ass. Et hätt een nämlech och Leit, déi dësen Exercice als eng Zort “Revanche” ugoe géingen, fir den deemolege Politker:innen a Wëssenschaftler:innen nodréiglech nach eemol Schued unzeriichten an ze soen: “Mir hunn et deemools scho besser gewosst.”

Zu enger seriöer Opbereedung zielt dem Professer vun der Uni.lu och, sech mat den Agrëffer an d’Grondrechter auserneenzesetzen.

“Eine seriöse Aufbereitung würde aber voraussetzen, der Zivilgesellschaft zu vermitteln, dass es schwere Grundrechtseingriffe gab, und dass wir zur Pandemiebekämpfung einen sehr, sehr hohen rechtsstaatlechen Preis bezahlt haben. Alleine dieses Zugeständnis an die Zivilgesellschaft, an die Politik, an alle, die wir darunter gelitten haben, wäre schon mal ein erster grosser Schritt, der zu einer ernsthafteren Debatte den Startschluss geben würde.”

Géigegewiichter just reng "formal

De Stefan Braum huet scho wärend der Pandemie vun der “experimental law” geschwat. Dëst ass och den Titel vu sengem Buch, dat sech mat de Corona-Gesetzer a verschiddene Länner befaasst. Doranner gëtt och de Prinzip vum “trial and error” beschriwwen, also vum Teste vu Léisungen, bis een eng gutt fonnt huet.

“Ich habe das an einer Stelle so beschrieben, dass man das Recht oder die Regeln, die man erfunden hat, wie Knetmasse an die jeweilige Pandemielage angepasst hat, und man in relativ kuerzer Abfolge sehr schnell unter klarer exekutivischer Dominanz Regelen angepasst hat.”

Europawäit kéint ee feststellen, dat dëst Virgoen dacks bei Krisen de Fall ass. Aktuell Beispiller sinn d’Migratioun an d'Verteidegung.

D’Géigegewiicht zu deenen Decisiounen – also beispillsweis parlamentaresch Kontrollen oder de Staatsrot hei am Land – beschreift de Stefan Braum als reng “formal”. 

“Teil dieses experimentellen Rechts ist eben auch, dass damals - unvermeidbar, vielleicht auch nicht - das gesamte Expertenwissen - Stichwort Task forces, die überall aus dem Boden schossen - bei der Exekutiv angesiedelt waren, so dass es automatesch einen Informationsvorsprung gab, den Parlamente gar nicht mehr inhaltlech nachvollziehen konnten.”

 De Staatsrot hätt jo selwer eng Kéier gesot, datt si net an der Lag wiere fir anzeschätzen, op dat wierklech inhaltlech, empiresch an normativ ze rechtfäerdege wier.

 

Lauschterenplay_arrow