Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Stater Sportschäffen net averstan mat Kritik vum Liichtathleetikclub

D'Stad Lëtzebuerg wier wéineg kooperativ

Stater Sportschäffen net averstan mat Kritik vum Liichtathleetikclub

D‘Stater Sportschäffe Simone Beissel wiert sich géint Virwërf vum Liichtathletiksclub LIAL, et géif net genuch Infrastruktur ginn, fir d’Kanner an der Liichtathletik ze encadréieren. D'Responsabel vum LIAL hat am 100,7 Interview der Stad Lëtzebuerg virgeworf, wéineg kooperativ ze sinn.

auto_stories

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et hätt ee keng Plagë méi respektiv se wiere vun anere Veräiner besat, esou d'Vizepresidentin vum Liichtathletiksclub LIAL, Nadine Marx. D’Simone Beissel gesäit de Problem do éischter bei interne Konflikter tëscht de Veräiner.

Lauschterenplay_arrow

Zu der Laafpist um Geesseknäppche seet d’Simone Beissel iwwerdeems, et géif Toiletten an Vestiairen op der Plaz ginn, et misst ee just puer Meter méi wäit goen. D’Nadine Marx vum LIAL hat kritiséiert d’Stad Lëtzebuerg hätt hei d’Chance verpasst dëst ëffentlech zougängeg Pist benotzerfrëndlech ze gestalten. D’Simone Beissel verweist drop dass de Site um Geesseknäppchen an den INS dem Staat gehéiert an d’Ville de Luxembourg do guer net zoustänneg ass.

Net genuch Terrain

Wat d’Plazen an de Schwammcoursen ugeet, wier ee sech bewosst, datt et net genuch Schwämme géif ginn, fir der Demande gerecht ze ginn, sou d’Sportsschäffen. Schwämmen ze baue géif Zäit brauchen. Dobäi keimen déi vill Oplagen un déi een sech hale misst sou d’Simone Beissel. An de Problem vun den Terrainen.

Lauschterenplay_arrow

D’Simone Beissel verweist iwwerdeems drop, datt d’Stad extrem schnell gewuess wier, eleng an de lëschten 10 Joer ëm 30 Prozent.