Am Januar hat och d’Chamber schonn de staatleche Finanzement gestëmmt.
E Projet vu ronn 135 Milliounen Euro. De Staat soll zwee Drëttel, also 90 Milliounen Euro, iwwerhuelen an d’Gemeng Lëtzebuerg een Drëttel, also 45 Milliounen Euro. D’Majoritéit vum Gemengerot war fir de Finanzement.
Op den Niewenachsen soll den Tram dann an engem sechs Minutten-Takt fueren, op der Haaptachs bleift et bei dräi Minutten.
D‘Fro ob d‘Promoteuren do och sécher entwéckele wäerten
De François Benoy vun déi gréng appreciéiert, datt an dësem Fall d’Mobilitéit scho virum Baue vun de Wunnquartiere beduecht géif ginn, et stellt sech awer d’Fro.
“Wéi ass assuréiert, Madamm Buergermeeschtesch, datt mir lo net hei ëffentlech Gelder investéieren an duerno déi PAPen, déi zum Deel och privat gebaut ginn, datt déi och wierklech zustane kommen? Net, datt mir duerno Maschinnen iergendwou stoen hunn, wou iwwerhaapt de private Promoteur dat net entwéckelt.”
D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer reagéiert a seet, si géif dovunner ausgoen, datt déi entspriechend PAPen esou wäerte realiséiert ginn.
Déi entspriechend Bebauungspläng sinn awer nach net ofschléissend gestëmmt. De Finanzement fir déi nächst Etappe vum Ausbau vum Tram steet awer schonn.