Radioen

On air

De Weekend  |  Wild Nothing - Partners In Motion

play_arrow Live
search

/ Staatsfinanzen: Keen allze däischtert Bild

Chamberkommissioun

Staatsfinanzen: Keen allze däischtert Bild

Keen allze däischtert Bild vun de Staatsfinanze gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun gemoolt. Dat soen d'Kommissiounsmemberen no der Reunioun, an där dem Conseil national des finances publiques säin Avis zum Staatsbudget 2024 presentéiert gouf.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No der Reunioun hu virun allem Deputéiert vun der Oppositioun drop higewisen, datt de Romain Bausch, President vun deem Conseil, interessant nei Piste fir d’Zukunft opgezeechent hätt. An zwar virun allem déi, wéi een an Zukunft mat Projektiounen a Previsiounen ëmgoe soll, ënnersträicht d‘Sam Tanson vun déi gréng.

„Ech fannen dat effektiv eng wichteg Approche, datt mir eis misste Moyene ginn, fir méi mëttelfristeg a laangfristeg ze kucken, wat den Impakt vu Politicken, déi mir wëlle maachen - oder déi dann d’Majoritéit wëll maachen - wéi een Impakt dat och op Staatsfinanzen huet.”

Wat wieren zum Beispill d’Inzidenzen dovun, wann ee bei der Verdeedegung op Depensen an Héicht vun 2 Prozent vum PIB géif eropgoen? Fir de Rescht wier dat ekonomescht Ëmfeld schwiereg, eng zolidd Hausse vun der Inflatioun d’nächst Joer méiglech, an och bei der Beschäftegung géif et net méi déi selwecht Entwécklung ginn, esou d‘Sam Tanson.

Och aner Critère fir d‘Previsioune méiglech

D’Taina Bofferding huet no der Presentatioun vum Romain Bausch virun allem den Aspekt ervirgehuewen, datt ee sech bei dëse Previsiounen an Zukunft och op anere Critère kéint baséieren.

Och an den Ae vun der LSAP-Deputéiert sollt ee kucken, méi laangfristeg Projektiounen ze maachen, fir erauszefannen, wéi ee finanziellen Impakt et iwwer Jore kann hunn, wann d’Regierung nei Mesurë wéilt ergräifen.

André Bauler: Et muss ee mëttelfristeg denken

Den André Bauler huet ënnerstrach, datt d’Schold weider klëmmt, och op Grond vun de Krisen aus de leschte Joren. Déi weltwäit Entwécklung op de Boursse wier dogéint éischter favorabel.

„Dat schléit sech an engem Land, wou de Finanzsecteur dach awer e grousse Poids an der Ekonomie huet, ganz séier néier. Nach muss een ebe wëssen, datt ee mëttelfristeg muss denken, an Iwwerraschunge bleiwen net aus. Dat hu mir gesinn déi lescht Joren, mam Ukrainkrich, mat der Pandemie.“

Fir den DP-Deputéierte gëllt et weider virsiichteg ze sinn, d‘Depensen an de Grëff ze kréien an ze hoffen, datt d’Recettë sech besser entwéckelen. De CNFP-President hätt awer och net sou een däischtert Bild gemoolt, datt ee misst verzweiwelen.

Lauschterenplay_arrow