"Mir leien elo schonn 1,6 Milliarden ënnert dem Defizit", mat deem nach viru véier Méint gerechent gouf, sot de Finanzminister Gilles Roth gëscht a senger Budgetsried. Huet déi nei Regierung (CSV-DP) scho sou vill Sue gespuert?
Gespuert huet se eigentlech net vill - dat wier a sou kuerzer Zäit och kaum méiglech gewiescht. Mee d'Regierung profitéiert virun allem vun zwou Saachen:
· Bei de Staatsfinanzen ass et d'lescht Joer guer net sou schlëmm komm wéi gefaart
· D'Beamten hunn am Hierscht an de Koalitiounsverhandlungen Zuele virgeluecht, déi - wéi mer haut wëssen - däitlech ze pessimistesch waren.
Huet d'Note vun der Inspection Générale des Finances, déi déi nei Koalitioun viru fënnef Méint krut, Schwarz-Molerei bedriwwen?
Sécherlech net bewosst, mee et ass e bekannte Problem zu Lëtzebuerg: Net all Verwaltung huet déi richteg Instrumenter fir op Basis vun der Konjunktur ze schätzen, wat se déi nächst Méint kéint ausginn, respektiv wat kéint erakommen.
Huele mer d'Beispill vun de Steierrecetten: 2023 si vill méi Steieren erakomm wéi am Budgetsprojet 23 gemengt - trotz enger Rezessioun vu -1 Prozent. Domat sinn automatesch och dëst Joer bei enger besserer Konjunktur nees méi Steierrecetten z'erwaarden.
Déi verschidde Verwaltunge wollten dat am Hierscht warscheinlech net an eng Note schreiwen, fir net dono de Kapp gewäsch ze kréien, wann um Enn net méi genuch Suen do wiere fir déi politesch Wënsch vun der neier Koalitioun z'erfëllen.
2023 hunn d'Staatsfinanzen trotz Rezessioun also besser ofgeschnidde wéi erwaart. Hätt déi viregt Regierung an hirem leschte Budgetsprojet net kënne méi optimistesch Zuele virleeë fir virun de Wale besser beim Electorat unzekommen?
Et ass effektiv frappant, wéi dramatesch déi deemoleg Finanzministesch Yuriko Backes (DP) d'Situatioun am Hierscht 2022 beschriwwen huet, a wéi vill besser et d'lescht Joer schéngt gaangen ze sinn. D'Zuele sinn nach net definitiv, mee d'Regierung hat virun annerhallwe Joer annoncéiert, beim Zentralstaat géif et en Defizit gi vun 2,8 Milliarden Euro. Den neien Zuelen no waren et 1,2 Milliarde manner.
Dat weist nees wéi schwiereg et hei am Land ass, fir mat Previsiounen ëmmer richteg ze leien. Mir hunn dat scho puer mol gesot: E klengt Land mat enger oppener Ekonomie a staarken Ofhängegkeete par Rapport zu eenzelne Secteuren. Do geet et séier mol vill besser oder méi schlecht wéi erwaart. Historesch gesinn geet et dann um Enn dacks besser wéi gemengt. Dat ass déi Chance, déi déi lescht Regierungen ëmmer nees haten.
Huet den neie Finanzminister Gilles Roth dann déi selwecht Chance?
Fir säin éischte Budget huet de Gilles Roth schonn e bësse Chance gehat: Duerch déi besser Steierrecetten an de leschte Méint rechent och hien elo scho mat manner Defizit wéi viru fënnef Méint gefaart. D'Betriber zum Beispill hunn 2023 trotz Rezessioun 400 Milliounen Euro méi Steiere bezuelt wéi déi lescht Regierung dat geschat hat. Beim Impôt sur la fortune sinn 250 Milliounen Euro méi erakomm wéi gemengt. An déi nei Regierung ka mat nach méi rechnen, well d'Ekonomie jo dëst Joer no der Rezessioun zejoert nees moderat wuesse soll.
Also huet déi nei Regierung nach vill Sputt fir politesch Akzenter ze setzen déi nächst Joren?
Dat kann een haut sou nach net soen. Obwuel d'Staatsfinanzen net sou defizitär si wéi nach virun enger Zäit gefaart, heescht dat net, datt et gutt geet. Dat ass dacks am Liewen esou: Wann ee mam Schlëmmste rechent, ass dat manner Schlëmmt scho bal positiv.
Am Kloertext: Den Defizit beim Zentralstaat soll dëst Joer bei 1,9 Milliarden Euro leien. Dat ass vill. An de leschte sechs Joer gouf et just eng Kéier méi en héijen Defizit an dat war am éischte Pandemiejoer (2020).
De Finanzminister steet also nach virun engem ganz schwieregen Exercice: E wëll weisen, datt hien d'Staatsfinanze besser geréiert wéi seng Virgänger, an e versprécht nach zousätzlech Steierreduktiounen. Mee et ass haut net gewosst, wéi vill Sputt wäert do sinn.
Wann d'Economie déi nächst Jore staark géif wuessen, géif et alt nees méi einfach gi wéi mer dat haut mengen. Mee sou en Szenario gëtt den Ament definitiv net virausgesot, an dofir wäert net alles méiglech sinn. Entweder et gëtt keng komplett Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun oder keng Individualiséierung vum Steiersystem, oder awer et muss staark gespuert ginn. De Finanzminister war um Dag nom Budetsdepot eisen Invité vum Dag an huet un de Pläng fir eng Individualiséierung festgehalen. Hie wéilt fir 2026 e Projet vun enger Steierreform virleeën.
Am Finanzministère dierft also déi nächst Zäit intensiv no Spuerpotential bei de Staatsfinanze gesicht ginn, fir datt de Staat op en Deel vu senge Steierrecette verzichte kann.