Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staatscheffen aus Jordanien an Ägypten fuerderen direkte Stopp vum Krich

Noen Osten

Staatscheffen aus Jordanien an Ägypten fuerderen direkte Stopp vum Krich

Den ägyptesche President Abdal Fattah as-Sisi an de jordanesche Kinnek Abdullah II. fuerderen en direkte Stopp vum Krich an der Gazasträif. Béid Staatscheffe sinn zu Kairo zesummen.

auto_stories

1 min

Si beschëllegen Israel, dat palestinensescht Vollek kollektiv ze bestrofen, d‘Palestinenser auszehéngeren an se ze forcéieren, aus der Gazasträif fortzelafen.

Et war geplangt, dass och den amerikanesche President Joe Biden an de Palestinenser-Chef Mahmut Abbas zu Kairo beim Treffen dobäi wieren, mee dee Sommet gouf vu Jordanien annuléiert.