Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franz Fayot: "Reservéierten Avis mat ville Fragezeichen" zum Staatsbudget

Avis vum Rechnungshaff

Franz Fayot: "Reservéierten Avis mat ville Fragezeichen" zum Staatsbudget

An der Regierung hirem Projet fir de Staatsbudget feelt eng Strategie fir de kuerz- oder mëttelfristege budgetäre Reequilbrage: Dat stellt d’Cour des Comptes an hirem Avis zum Projet fir de Budget 2025 fest. A si erënnert dorun, datt d’Staatsschold sech zënter der Finanzkris 2008 méi wéi verdräifacht huet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Rechnungshaff recommandéiert der Regierung d’Resilienz vun de Finanzen ze stäerken. D’Cour des Comptes vermësst awer och eng Berechnung vun de positiven Effekter fir de Staat duerch déi ugekënnegt Steierreduktiounen. 

Dës Effekter géifen “onsécher” bleiwen, heescht et am 200-Säiten-Avis, deen d’Vertrieder vum Rechnungshaff der Chamber-Finanzkommissioun um Dënschdegmoie virgestallt hunn.

"Reservéierten Avis mat ville Fragezeichen"

D’Cour des Comptes géif sech eng Partie Froe stellen, zu de Prämisse vun enger Partie geplangte Steiermesuren, esou no der Sitzung de Franz Fayot. Als Beispill huet den LSAP-Deputéierten d’Reduktioun vun der Betribsbesteierung ëm ee Prozentpunkt genannt huet.

"Wou si awer ëmmer erëm soen, datt dat net chiffréiert ass, an datt et am Fong baséiert, e bëssen op engem Glawen."

De Franz Fayot schwätzt generell vun engem "relativ reservéierten Avis mat ville Fragezeichen" vun der Cour des Comptes zum Budgetsprojet fir dat nächst Joer.

D‘Cour des comptes wéilt och gär Langzäitperspektive gesinn. Dat besonnesch wann et drëms geet de Budget nees an d'Gläichgewiicht ze kréien. Wa Scholde gemaach ginn, da prioritär an zukunftsorientéierte Investitiounen, zum Beispill an de Branchen erneierbar Energie a sozial-ökologesche Wandel.

Wa langfristeg Recetten duerch d'Dieselverkeef ewech falen kéinten déi zum Beispill duerch nei Steieren op gesondheetsschiedleche Liewensmëttel ausglach ginn, sou nach de Rechnungshaff.

Sam Tanson: E genaue Retracement gëtt sech gewënscht

Der Cour des Comptes no wier net richteg novollzéibar, wat den Hannergedanke bei der Reduktioun vun der Betribsbesteierung wier, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

"(...) da géing een als Äntwert kréien, et wier nach ëmmer esou gewiescht, wann d’Steieren erof ginn, géingen d’Recetten erop goen. An do krute mir gesot, dat géing sech e bëssen unhéiere wéi ee Comptoiresgespréich, wat effektiv ze verstoen ass."

De Wonsch bei jidderengem wier et, fir genau kënnen ze retracéieren, op wéi enge wëssenschaftlechen Daten déi Affirmatioun baséiert, esou d'Sam Tanson.

D’Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm bestätegt, datt d’Regierung net berechent hätt, wéi eng zousätzlech Recetten et kéinte ginn, wann no der Reduktioun vun der Betribsbesteierung op den 1. Januar 2025 nei Entreprisen an d’Land kéimen.

"An do seet d’Cour des Comptes, dat ass eppes, wat net gerechent ginn ass, a wat een (...) net an de Recettë vum Budget erëm fënnt. Do gëtt just gesot, mir setzen d’Betribsbesteierung ëm ee Prozentpunkt erof.

Mee dat, wat een doduerch zousätzlech era kréich, wéi Lounsteier, dat wier net bis zum Schluss duerchgerechent ginn, confirméiert also d’CSV-Deputéiert.

Rechnungshaff recommandéiert Sich no alternative Steierressourcen

Och d’Regierung wéist allerdéngs net, wéi eng Entreprisen no enger Steierreduktioun op Lëtzebuerg kommen, a wéi vill Personal si wäerte beschäftegen.

Fir Lëtzebuerg wier et sënnvoll, no alternative Steierressourcen ze sichen, well d’Recetten duerch de Sprit- an Tubaksverkaf net fir éiweg wieren, recommandéiert de Rechnungshaff ënner anerem och nach a sengem Avis.

De Finanzminister Gilles Roth hat säi Budgetsprojet den 9. Oktober presentéiert an deposéiert. An dëse Projet soll virun der Chrëschtvakanz vun der Chamber gestëmmt ginn.

Lauschterenplay_arrow