De Präis fir dee Support ass allerdéngs héich ëmstridden: eng Generalamnestie fir d‘Separatisten. Nach am Laf vum Mëttwoch sollen d‘Detailer vum Accord bekannt ginn.
De Carles Puigdemont selwer gouf jo no sengem illegalen Onofhängegkeetsreferendum zanter 2017 als Staatsfeind vun der spuenescher Justiz verfollegt an hat sech an d‘Belsch ofgesat. Nodeems déi spuenesch Parlamentswal am Juli an enger Pattsituatioun tëscht dem progressiven an dem konservative Lager resultéiert hat, gouf seng kleng katalanesch Onofhängegkeetspartei zum Kinneksmécher.