Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Within Me

play_arrow Live
search

/ Spuenien: Ëmstriddent Amnestiegesetz kritt endgülteg Gréng Luucht

Hëtzeg Diskussiounen am Parlament

Spuenien: Ëmstriddent Amnestiegesetz kritt endgülteg Gréng Luucht

Dat spuenescht Parlament huet dem ëmstriddenen Amnestiegesetz endgülteg Gréng Luucht ginn. Deemno kënne 400 Katalane begnodegt ginn, déi no engem gescheiterte Separatiounsversuch am Joer 2017 vun der Justiz verfollegt goufen.

auto_stories

1 min

Pedro Sanchéz | © picture alliance / Juan Carlos Rojas
Pedro Sanchéz (Foto: picture alliance / Juan Carlos Rojas)

Ënnert de betraffene Persounen ass och de katalanesche Regionalpresident Carles Puidgemont, dee viru Joren an den Exil gaangen ass, an elo zeréck a Spuenie komme wëll.

De Gesetzesentworf gouf wärend 2 Stonnen hëtzeg am Parlament diskutéiert. De spuenesche Premier Pedro Sánchez war no de Walen zejoert op de Support vun de katalaneschen Onofhängegkeetsënnerstëtzer am Parlament ugewisen, fir eng Regierung op d'Been ze stellen. Dës si mat zwou Parteien am Parlament vertrueden.