A Spuenien steet de Premier Pedro Sanchez kuerz virdrun, fir een zweet Mandat un der Spëtzt vun enger neier Regierung genannt ze ginn. De Sozialist huet Accorde gemaach, mat der extrême gauche an och mat de baskeschen a katalaneschen Nationalisten.
Hien huet ënner anerem ee Gesetz iwwert eng Amnestie versprach, déi d‘Katalane fräisprieche géif, déi wéinst illegalen Aktiounen an Zesummenhank mat der Onofhängegkeets-Beweegung an dem Referendum am Joer 2017 verurteelt goufen.
Déi gréissten Oppositiounspartei, déi konservativ PP, hat een Appell fir Demonstratioune lancéiert. D‘Verfassung an d‘Demokratie wieren deemno a Gefor.
Datt de Pedro Sanchez hei sou wäit gaangen ass fir Konzessiounen ze maachen, trëfft deels op hefteg Kritik. De Reportage vun der Plaz vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois.