Radioen

On air

Trendscheif  |  Nala Sinephro - Continuum 7

play_arrow Live
search

/ Sprangreiderin Charlotte Bettendorf fir annerhalleft Joer gespaart

Violatioun vum Antidopping-Kodex

Sprangreiderin Charlotte Bettendorf fir annerhalleft Joer gespaart

D’Sprangreiderin Charlotte Bettendorf ass wéinst Verstéiss géint den Antidopping-Kodex vun der ALAD mat Effet op den 18. September fir 18 Méint gespaart ginn. Dat deelt déi national Anti-Dopingagence an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Charlotte Bettendorf | © picture alliance / Pressefoto Baumann | Hansjürgen Britsch
Foto: picture alliance / Pressefoto Baumann | Hansjürgen Britsch

Bannent 4 an engem hallwe Mount hat d’Sportlerin dëst Joer eng Doppingkontroll verfeelt, an zweemol verpasst fir ze mellen, wou si dru wier, fir kënne kontrolléiert ze ginn.

Am August hate mir gemellt, datt e Lëtzebuerger Profisportler wéinst enger presuméierter Violatioun vum Antidopping-Kodex vun der ALAD eng Spär vun zwee Joer riskéiere géif.