arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialplang fir Mataarbechter:inne vun Indorama ënnerschriwwen

No Fermeture

|
reading time

1 min

Sozialplang fir Mataarbechter:inne vun Indorama ënnerschriwwen

Fir déi ronn 100 Mataarbechter:inne vun Indorama Ventures Mobility zu Stengefort gëtt et elo e Sozialplang. D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn e Mëttwoch den Accord zesumme mat der Directioun ënnerschriwwen, esou heescht et an engem Communiqué.

reading time

1 min

D'Gemeng Stengefort | © Commune de Steinfort
D'Gemeng Stengefort (Foto: Commune de Steinfort)

D'Firma hat d'Fermeture vum Site ugekënnegt.

Formatiounen an Outplacement virgesinn

De Sozialplang gesäit eng Rei vu Mesure vir, fir d'Personal beim Iwwergang an een neien Emploi ze ënnerstëtzen.

Dozou gehéieren ënner anerem Formatiounen, Ëmschoulungen an en individualiséierten Outplacement-Service. Weider Mesurë sollen d'Reintegratioun um Aarbechtsmaart vereinfachen.

Och extralegal Indemnitéite si virgesinn. Si ergänzen déi Leeschtungen, déi gesetzlech oder duerch de Kollektivvertrag virgesi sinn.

Ëmsetzung gëtt weider iwwerwaacht

Mat der Ënnerschrëft vum Sozialplang sinn d'Verhandlungen zwar ofgeschloss, d'Aarbecht geet awer weider.

OGBL a LCGB wäerten zesumme mat der Personaldelegatioun un enger Suivi-Kommissioun deelhuelen. Dës soll d'Ëmsetzung vum Sozialplang iwwerwaachen an déi eenzel Situatioune vun de Mataarbechter suivéieren.