arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Comité de conjoncture: 47 Demande fir Chômage partiel ugeholl

Aarbechtswelt

|
reading time

1 min

Comité de conjoncture: 47 Demande fir Chômage partiel ugeholl

Am Ganzen hunn 51 Betriber eng Demande fir Chômage partiel agereecht. De Comité de conjoncture huet der dovu 47 ugeholl. Déi definitiv Decisioun läit elo beim Regierungsrot.

reading time

1 min

Symbolfoto: Aarbechtsplaz Büro | © Bigstock
Symbolfoto: Aarbechtsplaz Büro (Foto: Bigstock)

De Konjunkturcomité huet sech haut mat der aktueller Situatioun um Aarbechtsmaart befaasst an d'Demande fir Kuerzzäitaarbecht fir den August analyséiert.

Bei 33 Demande si konjunkturell Grënn ausschlaggebend. Aacht Betriber hu strukturell Schwieregkeeten a falen ënnert de Mechanismus vum Plan de maintien dans l'emploi. A sechs Fäll si Betriber wéinst hirer ekonomescher Ofhängegkeet a Schwieregkeete geroden.

Méi Salarié(e)ë betraff

D’Zuel vun de concernéierte Salarié(e)ë läit bei 2.855 Vollzäit-Aarbechtsplazen. Dat sinn der méi wéi de Mount virdrun (1.925). De Comité betount awer, datt dës Chifferen nëmme Prognose sinn an net déi tatsächlech Situatioun um Aarbechtsmaart ofbilden.