Iwwer de PAN zu de Kollektivverträg gouf et d’lescht Woch en Accord tëschent dem CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz, de Gewerkschaften an dem Patronat.
"An der Gastronomie ass vill Nachholbedarf"
Fir der EU-Direktiv zum Mindestloun gerecht ze gi misst nach vill geschéien zu Lëtzebuerg mat de Kollektivverträg. A munche Secteuren awer méi wéi an aneren, seet den Aarbechtsminister Marc Spautz.
“Wat Santé an Action sociale ubelaangt, do si mir op 87 Prozent vun deene Beschäftegten. An dee mannste Punkt, wou mer hunn dat ass Hotel a Restauratioun, do leie mer bei 13 Prozent. Do ass vill Nachholbedarf.”
Dem Aarbechtsminister no gi säit dem neie Gesetz fir Tankstellemataarbechter 2.500 zousätzlech Leit vu Kollektivverträg ofgedeckt.
International Entreprisë sensibiliséieren
Nieft méi Informatiounscampagnë misst een och multinational Entreprisë mam Lëtzebuerger Modell vum sozialen Dialog vertraut maachen, esou de Marc Spautz.
“Mir hunn hei zu Lëtzebuerg ganz vill multinational Firmaen an déi hunn en anert Verständnis wat de sozialen Dialog ubelaangt wéi déi traditionell Lëtzebuerger Betriber. Dofir ass et eis wichteg, fir och do déi international Firmae mam Lëtzebuerger Modell bekannt ze maachen.”
Weider geplangten Aktioune betreffen d’geziilten Datesammlung, Informatiounscampagnen an d’Promotioun vu Kollektivvertragsverhandlungen an de Marchés publics.