De Comptoir des Fers et Métaux ass spezialiséiert op d‘Vente vu Sanitaire a beschäftegt den Ament 90 Salariéeën hei am Land, huet awer och nach Filialen zum Beispill an der Belsch an an der Schwäiz.
D‘Firma ass an ekonomesche Schwieregkeete wéinst dem indirekte Lien mam Bausecteur, deen zënter Méint an der Kris ass.