arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sozialisten, Liberal a Gréng: Grondpiliere vun EU-Dateschutzgesetzer a Gefor

NEIE VEREINFACHUNGS-PAK

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Sozialisten, Liberal a Gréng: Grondpiliere vun EU-Dateschutzgesetzer a Gefor

D'Pläng fir d'Vereinfache vu verschiddenen Gesetzer iwwer déi digital Welt vun der EU-Kommissioun stoussen op schaarf Kritik. Si ginn haut um Mëttwoch zu Bréissel presentéiert.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Europäesch Kommissioun | © picture alliance / Winfried Rothermel
Europäesch Kommissioun (Foto: picture alliance / Winfried Rothermel)

Déi aktuell Europäesch Kommissioun ënner hirer Presidentin Ursula von der Leyen huet bekanntlech d’Simplification administrative ganz uewen op hir Agenda gesat. 

Elo soll do eng weider Etapp agelaut ginn an een neie Pak vu vereinfachte Reegele presentéiert ginn: Dës Kéier geet et ëm Gesetzer, fir déi digital Welt ze reegelen. De But vun de proposéierten Ännerunge wier et, Entreprisen ze entlaaschten an d’Entwéckele vun neien Technologië wéi der Kënschtlecher Intelligenz méi einfach ze maachen, esou d’Kommissioun.  

Schonn am Virfeld suergt dee Projet fir Opreegung: Am Europaparlament schloen déi Gréng, déi Liberal an d’Sozialisten Alarm a schwätzen dovun, datt Grondpiliere vum europäeschen Dateschutz elo nees a Fro gestallt ginn.

ONGen: Gréisste Réckschrëtt vun digitale Rechter an der EU-Geschicht

127 Organisatiounen, dorënner, d’European Digital Rights - eng Plattform vun ONGen, Experten a Wëssenschaftler:innen - schwätzen an engem oppene Bréif vum gréisste Réckschrëtt vun digitale Rechter an der Geschicht vun der EU. 

Duerch déi proposéiert Ännerunge géifen ënner dem Deckmantel vum Bürokratieofbau eng ganz Partie Barriäre géint de Mëssbrauch vu perséinlechen Donnéeën nees ofgerappt ginn.

Déi Kritik hunn och grouss Fraktiounen am Europaparlament opgegraff: D'Europäesch Kommissioun krut Post vun de Sozialisten, de Liberalen an de Gréngen.

Ob Dateschutzreglement, d’Direktiven iwwer digital Servicer oder den Akt iwwer d’Kënstlech Intelligenz: D'Europäesch Unioun huet sech an de leschte Joren no laangen an zéie Verhandlunge verschidde Gesetzer ginn, fir déi digital Welt ze reegelen.

Net seele ginn dës Gesetzer stolz ernimmt, wann et drëms geet sech vun amerikaneschen oder chineeseschen Acteuren ofzehiewen.

EU-Gesetzer si Virbiller

Dat sollt esou bleiwen, seet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"Et geet hei ëm dat, wat mir eis erschafft hunn a wou mir eis en internationalen Numm gemaach hunn, wéi beim GDPR, bei der Dateschutzreegelung oder beim ‘Artificial Intelligence Act’, dem europäesche Gesetz iwwer Kënschtlech Intelligenz, wat vun anere Länner an op anere Kontinenter praktesch ofgeschriwwe gëtt. Dat wëlle mir eis elo net futtimaache loossen."

Verschiddene Leaken no wëllt d’Kommissioun ënner anerem d’Definitioune vun de perséinlechen Donnéeë labberen.

An Zukunft wier et - esou d’Kritik - méi einfach fir Entreprisen, awer och ëffentlechen Administratiounen, Réckschlëss op sensibel Donnéeë wéi de Gesondheetszoustand, d’Relioun oder déi sexuell Orientéierung ze zéien.

D’Donnéeë sollen och méi liicht zougänglech ginn, fir Kënstlech Intelligenz ze trainéieren.

Kritik: EU-Kommissioun geet hanner dat zeréck, wat si selwer proposéiert huet

Duerch déi Ännerunge géif d’EU hiren Tromp, dee si duerch déi Gesetzer hat, aus der Hand ginn, reegt sech den DP-Europadeputéierte Charles Goerens op.

"Wann d'Kommissiounspresidentin sech konsequent wier, da géif si soen, dat ka si net elo verbrennen, wat si an der éischter Mandatur selwer mat opgeriicht huet. Dat do geet net."

D’Fraktioun vum Lëtzebuerger DP-Politiker, déi Liberal, gi sech genee wéi d’Sozialisten an engem Schreiwes un d’Kommissioun zu déifst alarméiert.

D’Simplificatioun géing Kärprinzipie vum Dateschutzreglement a Fro stellen.

Eng Gefor fir europäesch Demokratien?

Fir déi Gréng schuet d’EU hei den europäeschen Entreprisen. Si mécht d’Diere méi breet op fir Konzerner aus China oder den USA, déi souwisou schonn um europäesche Marché dominéieren, seet d’Europadeputéiert Tilly Metz.

"Mir maachen et deene grousse Konzerner méi einfach, wëssend, datt déi en plus oft mat méi autoritäre Regierungen zesummeschaffen. Dat heescht, mir setze wierklech hei zum Deel och d'europäesch Demokratien op d'Spill."

D’EU hätt am Fong ee gudde Mëttelwee fonnt tëschent Donnéeën deelen an dem perséinlechen Dateschutz. Elo géif dat nees iwwer Bord gehäit ginn, esou d’Angscht queesch duerch d’Parteien.

D’Kommissioun selwer awer wénkt of: Et wier net hir Intentioun, Gesetzer, déi bestinn, ze verwässeren, esou de Kommissiounsspriecher Thomas Regnier.

Wat genee am Vereinfachungs-Pak dran ass, ass eréischt gewosst, wann en um Mëttwochmëtteg um Dësch läit. 

play_arrow Lauschteren