arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verbrenner-Motor: Een Opweeche vum Verbuet zeechent sech of

CO2-EMISSIOUNE VUN AUTOEN

|
reading time

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Verbrenner-Motor: Een Opweeche vum Verbuet zeechent sech of

Am Europaparlament gëtt weider iwwer méi labber Reegele fir CO2-Emissioune fir Autoen ofgestëmmt. Beim Vott an der Transportkommissioun hat d’Martine Kemp (CSV) fir an d’Tilly Metz (déi gréng) géint d’Propos gestëmmt, déi vun de Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen ausgehandelt gi war. 

reading time

4 min

headphones

6 min

play_arrow
© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Aktuell gëtt sech am Europaparlament mat de Pläng, ee strikte Verbuet vum Verbrenner-Motor ze labberen, befaasst. Um Mëttwoch stëmmt d’Ëmweltkommissioun doriwwer of, nodeems schonn déi lescht Woch d’Transport- an d’Industriekommissioun dat gemaach haten. 

Nom Accord tëschent Däitschland a Frankräich, dee virgesäit, datt 2035 d’CO2-Emissioune vun Autoen net ëm 100 Prozent, mee just nach em 90 Prozent mussen erof goen, well d’Parlament nach méi wäit goen. 

Accord tëschent der EVP, de Sozialisten an de Liberalen

D’Fraktioune vun de Chrëschtdemokraten, de Sozialisten an de Liberalen hu sech zesumme gedoen a sech dofir ausgeschwat, der Automobil-Industrie nach méi Zäit ze gi fir komplett op E-Autoen ëmzeklammen. 

Ursprünglech war jo virgesinn, datt vun 2035 u keng nei Autoe méi mat Verbrenner-Motor an der EU verkaf dierfe ginn.

De Verbrenner-Verbuet ass endgülteg Geschicht, hat sech déi lescht Woch an engem Pressecommuniqué den Europadeputéierte Peter Liese gefreet. 

De Kompromëssvirschlag tëschent de grousse Parteie gëtt den Hiersteller nämlech, ënner verschidde Konditiounen, nach ee puer Prozent méi Spillraum. 

Dat wier eng weider Erliichterung fir d’Industrie, esou de Peter Liese. 

Martine Kemp: "Skeptesch, ob dat dee richtege Wee ass"

Net grad esou euphoresch reagéiert d’Martine Kemp, déi genee ewéi den däitschen CDUler Member an der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), där gréisster am Europaparlament ass. 

Si hätt deen Accord tëschent der EVP, de Sozialisten an de Liberale mat ënnerstëtzt - “am Sënn vum Kompromëss”, esou d’CSV-Europadeputéiert.

"Ech sinn awer trotzdeem skeptesch, datt dat wierklech dee richtege Wee ass, esou en Aus, dee jo scho beschloss war, elo ze kippen."

D’Previsibilitéit fir d’Industrie, déi sech elo schonn op dee schonn décidéierte Verbuet vun 2035 agestallt hat, wier enorm wichteg gewiescht, esou d’Martine Kemp. 

Trotzdeem huet d’CSV-Politikerin an der Transportkommissioun fir dee Kompromëss gestëmmt.

Tilly Metz: "Mir kënnen net méi vu Verbrenner-Aus schwätzen"

D’Tilly Metz vun deene Grénge par contre huet mat Nee gestëmmt. 

D’Europaparlament géing hei beim Verwässere vum Verbrenner-Verbuet nach eng Schëpp bäileeën, esou déi gréng Europadeputéiert. 

"Am Fong kënne mir net méi vun engem Verbrenner-Aus schwätzen. Dat doten ass kloer den Doud vun ze soen dat mir gären hätten, datt bis 2035 keng nei Verbrenner-Motore méi op de Marché kommen."

Een Autosbauer, dee grénge Stol aus Europa a seng Autoen abaut, kritt deem Kompromëss-Virschlag vum Parlament no CO2-Emissioune gutt geschriwwen. 

Wéi eng Konsequenze fir d’Klimaziler?

D’Interpretatioun vun deem Spillraum fält bei béide Lëtzebuerger Europadeputéiert ganz ënnerschiddlech aus. 

D’Klimaziler wieren doduerch net a Fro gestallt, seet d’Martine Kemp, a widdersprécht domat zum Beispill den Aussoe vum Direkter vum Think Tank Bruegel, dee viru kuerzem am 100,7-Interview war.

"Ech mengen, d'Ambitioune sinn ugepasst ginn un dat, wou mir eis haut befannen."

Et géif sech hei em Schlupflächer handelen, fënnt iwwerdeems d’Tilly Metz.

"Déi Mesurë verhënneren net, datt mir am Fong laanscht dat Haaptzil schéissen. Mir wëssen, datt d'Mobilitéit vun der Zukunft muss elektresch sinn, fir eis Klimaziler ze erreechen."

Hält den Accord?

D’Positioune wieren an deenen dräi grousse Fraktiounen, déi de Kompromëss mat droen, och net onëmstridde gewiescht, esou d’Martine Kemp. 

Trotzdeem: D’Votten an der Transport an der Industrie-Kommissioun ware kloer. D’Koalitioun tëschent Europäescher Vollekspartei, de Liberalen an de Sozialisten huet gehalen. 

Bleift awer d’Fro ob dat an der Plenière och esou ass. 

Dat gëtt ee spannende Moment, seet d’Martine Kemp viraus, well do jidderee mat ofstëmmt, och déi, déi net an de Kommissioune sinn, an déi net all d’Etappe vum Deal mat kruten. 

"Dat heescht, datt do nach vill Aarbecht och partei- a fraktiounsintern ze maachen ass, fir d'Leit mat u Bord ze kréien, oder fir d'Leit mat u Bord ze halen."

déi gréng si sech bewosst, datt dee Kompromëss um Enn och ouni si wäert eng Majoritéit kréien. 

Geschlossen dergéint haten an de Kommissiounen och déi riets a rietsextreem Fraktioune gestëmmt. Dat awer si keng Alliéiert, hält d’Tilly Metz fest

"Mir hunn net mat hinnen doriwwer geschwat. Mir siche keng Allianze mat hinnen. Et ass kloer, datt d'Ursaachen diametralement opposéiert sinn, firwat si dogéint gestëmmt hunn a firwat datt mir dogéint gestëmmt hunn."

Virgesinn ass, datt d’Plenière Mëtt Dezember an där leschter Sessioun vum Europaparlament fir dëst Joer ofstëmme wäert. 

Dono kënnen dann d’Verhandlunge mat de Memberlänner ufänke, fir een neie Kompromëss iwwer dee Verbrenner-Aus, dee jo elo deen Numm net méi ganz verdéngt, ze fannen.

play_arrow Lauschteren