Op Biller vun der staatlecher Télé TRT sinn iwwerschwemmte Geschäfter a Stroossen ze gesinn, an Autoen déi ënner Waasser stinn. Méi ewéi 2.000 Rettungsleit sinn op d’Plaz geschéckt ginn a Ronn 1.000 Mënschen hu missen evakuéiert ginn.
An der Géigend vu Kepez hätt et an de leschten 12 Stonnen esou vill gereent wéi normalerweis an dräi Méint.