Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sondagë soen dem Rietspopulist Jordan Bardella eng däitlech Victoire viraus

Europawalen a Frankräich

Sondagë soen dem Rietspopulist Jordan Bardella eng däitlech Victoire viraus

A Frankräich läit eng knapp Woch virun der Europawal de rietspopulistesche Rassemblement National an de Sondagë mat 32 Prozent wäit virun den anere Parteien un der Spëtzt. Gëschter um Sonndeg war et zu Paräis de leschte grousse Walkampfmeeting fir de Spëtzekandidat Jordan Bardella an d’Marine Le Pen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Jordan Bardella | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Euphoreschen Applaus an e Mier aus franséische Fändelen: Esou gëtt de Jordan Bardella bei sengem leschte grousse Meeting virum Walsonndeg empfaangen. Trotz de positive Sondagë wier nach näischt gewonnen. Dofir misst jiddwereen e Sonndeg wielen, esou de Spëtzekandidat, deen direkt kloer mécht, wourëms et bei dëser Wal geet.

“En plus de la défense du niveau de vie des Français, l'autre grand enjeu de cette bataille, c'est évidemment de préserver notre mode de vie et ce que nous sommes face à l'immigration de masse.”

Virum Bardella stoung d’Marine Le Pen um Podium an huet virun enger totalitärer EU gewarnt, déi alles virschreift an de Länner all Souveränitéit klaut. Och misst een oppassen, well de Macron an d’EU d’oppe Konfrontatioun mat Russland géinge sichen.

“Nous pouvons soutenir politiquement des pays agressés, mais nous n'irons pas faire des guerres qui ne sont pas les nôtres.”

Sujeten, déi d'RN-Supportere beschäftegen

D’Angscht virum Souveränitéitsverloscht oder engem Antrieden an de Krich: Et sinn zwee vu villen Sujeten, déi d’RN-Supporter beschäftegen.

“Je trouve que l'Europe aujourd'hui prend un risque considérable en risquant de se mettre en confrontation directe avec la Russie.”

“Et c'est vrai qu'on a un problème d'immigration quand même, je veux dire je ne suis pas raciste mais il faut canaliser maintenant, on ne peut pas continuer comme ça à accueillir toute la misère du monde.”

“J'aimerais revoir mon mon pays comme il était avant avec sa grandeur, donc mon choix a rapidement été fait.”

RN: Europa jo, aktuell EU-Politik nee

Den RN wëllt net méi aus der EU austrieden, mee dës reforméieren. Och d’Wielerschaft wëllt un Europa festhalen, awer net un der aktueller EU-Politik.

“Je pense que c'est hyper-important de garder l'Europe, mais sans pour autant oublier que chaque Etat soit contraint d'appliquer les choses de l'Europe, alors qu'elles ne correspondent pas à sa culture.”

De Choix fir den RN ass fir vill Wieler a Wielerinnen eng Mëschung aus Protest géint déi aktuell Regierung an Iwwerzeegung, datt de Bardella eng aner Politik verkierpert. Mat grad emol 28 Joer ass hien d’Zukunftsversprieche vun der Partei.

“Et aujourd'hui Jordan Bardella, c'est le nouveau Rassemblement National, c’est ce qui nous attend demain, et c'est un message d'espoir et en même temps de continuité dans les valeurs auxquelles on adhère.”

Am Virfeld vun der Wal huet den RN iwwregens gefuerdert, datt de President Emmanuel Macron zerécktrëtt oder d’Assemblée Nationale opléist, sollt de Bardella op der éischter Plaz landen. De President huet dës Fuerderung bis elo wäitleefeg ignoréiert.

Lauschterenplay_arrow

Korrespondenz: Max Tholl


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europawalen
Politik