Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riets Koalitioun an Holland: Déi Liberal si sech net eens, wéi si reagéiere sollen

Europawalen

Riets Koalitioun an Holland: Déi Liberal si sech net eens, wéi si reagéiere sollen

Déi Liberal si sech net eens, wéi si am Europaparlament mat hirer hollännescher Schwësterpartei sollen ëmgoen, déi sech op eng Koalitioun mam Rietspopulist Geert Wilders agelooss huet. Dat sot déi europawäit Spëtzekandidatin Marie-Agnes Strack-Zimmermann am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Déi europawäit Spëtzekandidatin Marie-Agnes Strack-Zimmermann sot am 100,7-Interview, si wéilt zu Bréissel weider mat den hollännesche Liberalen zesummeschaffen. Hir franséisch Co-Spëtzekandidatin Valerie Hayer huet sech virun e puer Deeg dofir ausgeschwat, déi hollännesch VVD aus der liberaler Fraktioun zu Bréissel auszeschléissen.

"Unsere liberalen Freunde"

D’Marie-Agnes Strack-Zimmermann sot awer och, si wéilt d’Entwécklungen an Holland net kommentéieren.

“Ich werde mich nicht in nationale Entscheidungen einmischen, weil ich bei dem Entscheidungsprozess nicht dabei war. Ich kann Ihnen nur sagen, dass die VVD in der liberalen Familie ein wichtiger Partner ist. Wir werden uns dann nächste Woche, wenn wir uns hoffentlich in Europa wiedersehen, entscheiden, wie der Weg in Europa weitergeht."

Dofir géing si dat elo net op déi national Politik erofbriechen, op déi si keen Afloss hätt, esou d'FDP-Politikerin. "Die VVD sind unsere liberalen Freunde, und werden es auch bleiben.”

Déi hollännesch Liberal wieren e wichtege Partner a géifen dat och bleiwen, esou d’Marie-Agnes Strack-Zimmermann am 100,7-Interview.

“Mir ist nicht bekannt, dass die VVD innerhalb Europas einen anderen Weg einschlägt als die Freien Demokraten. Und deswegen werden wir nächste Woche die Agenda aufsetzen für die liberale Fraktion. Und die wird in Europa, im Europäischen Parlament héissen: Kein Bündnis mit den Rechten.”

Méi Sue fir d'Defense

Déi däitsch Verdeedegungspolitikerin Marie-Agnes Strack-Zimmermann fuerdert, datt d’EU insgesamt mei an d’Defense investéiert. Net just déi däitsch Regierung géif an deem Beräich ze vill zécken, esou déi liberal Spëtzekandidatin fir d’Europawalen.

Si huet awer och ënnerstrach, d’Investitiounen an d’Verdeedegung dierften op kee Fall iwwer nei europäesch Scholde finanzéiert ginn. “Sie können keine Schulden machen um die Sicherheit zu gewähren.", esou déi däitsch Politikerin. Aus däitscher Siicht wier et souguer verfassungswiddreg. Dofir géinge sech déi Liberal géint eng Scholdenunioun wieren, wou dat ee Land d'Scholde vun engem anere Land géigefinanzéiere misst. 

"Wir müssen in Europa in der Lage sein, ohne Schulden zurecht zu kommen. Wir müssen dafür Sorge tragen, dass die nationalen Haushalte sich nicht in Schuldenpolitik vertiefen, sondern in der Lage sein müssen, einen Haushalt aufzustellen ohne immer wieder Schulden zu machen.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik