Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Sommet vun de Brics Staaten zu Kasan, Russland

International

Sommet vun de Brics Staaten zu Kasan, Russland

De russesche President Wladimir Putin empfänkt haut Alliéierter um Sommet vun de sougenannte Brics Staaten. 24 Staats- a Regierungscheffe ginn an der russescher Stad Kasan erwaart. Dorënner sinn ënner anerem d‘Staats- a Regierungscheffen vu China, Indien a Südafrika.

auto_stories

1 min

De Wladimir Putin gesäit d‘Brics Treffen als Méiglechkeet fir ze weisen, datt trotz de westleche Sanktiounen, Russland net isoléiert ass. De Putin wéilt dëse Sommet och notzen, fir weider un enger neier Weltuerdnung ze schaffen. Ouni Dominanz vun den USA.

Laut dem Kreml géife Vertrieder aus 32 Länner kommen, dorënner och nei Memberen, wéi Iran, Ägypten, Vereenegt Arabesch Emiraten, Saudi-Arabien an Äthiopien.