Radioen

On air

Concert  |  Dem Haydn seng Schöpfung

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Budgetsdebatt geet haut un

Assemblée nationale

Frankräich: Budgetsdebatt geet haut un

Debatt iwwer de Budget geet haut an der franséischer Assemblée nationale un. Et ass eng éischt grouss Erausfuerderung fir d’Regierung vum Premier Michel Barnier, déi elo eng Majoritéit fir hire Projet fanne muss. Sollt dat net geléngen, gëtt et awer och eng Alternativ fir de Premier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow

Max Tholl (Paräis)

60 Milliarden Euro sollen agespuert ginn, ënner anerem duerch Steiererhéijunge fir Spëtzeverdénger a grouss Entreprisen, an duerch eng méi spéit Indexatioun vun de Pensiounen. 

Dës Mesurë vun der Regierung sinn awer ëmstridden. Souguer aus den eegene Reie koumen an de leschte Woche kritesch Téin. Vun haut un huet d’Regierung an der Assemblée nationale d’Erausfuerderung, déi aner Parteie vun hirem Projet ze iwwerzeegen, well si Stëmme fir eng Majoritéit brauch.

D‘Optioun vum Artikel 49.3

D’Lénkspartei La France Insoumise wëll - wéineg iwwerraschend - eng Motion de rejet areechen, fir datt de Projet direkt zeréckgezu gëtt. De rietsextremen RN wëll dës awer net matstëmmen, mee fir d’éischt eemol ofwaarden. Sollt sech um Enn keng Majoritéit fanne loossen, da stéing der Regierung ëmmer nach den Artikel 49.3 op.

Dësen erlaabt et de Budget och ouni Vott duerch d’Assemblée ze boxen.

Amendementer vun der Gauche inakzeptabel

De Premier Michel Barnier sot um Sonndeg am Interview mam Journal du Dimanche, hie wéilt ee Gebrauch vum 49.3 net ausschléissen. Säi Budgetsminister Laurent Saint-Martin sot iwwerdeems op France Inter, hie wéilt Debat a keng direkt Duerchsetzung mam 49.3. De Laurent Saint-Martin sot och, hie wier oppe fir Verännerungen um Text.

Déi eenzeg rout Linn, déi hien hätt, wier datt de Staatsdefizit nächst Joer vun aktuell 6 Prozent vum PIB op 5 Prozent misst reduzéiert ginn. D’Amendementer vun der Gauche huet hien als net akzeptabel beschriwwen. play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft