search

/ Shorttrack: Eng séier Disziplin, déi sech un der Déierewelt inspiréiert huet

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Shorttrack: Eng séier Disziplin, déi sech un der Déierewelt inspiréiert huet

Haut, Mëttwoch Owend stinn op den Olympesche Wanterspiller d'Finalle vun der Fraestaffel iwwer 3.000 m an d'Finall vun de Männer am Eenzel iwwer 500 m am Shorttrack um Programm. Zu Mailand gëtt do ëm eng Medail gekämpft. Mee wat genee ass Shorttrack eigentlech?

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/IRIS VAN DEN BROEK
(Foto: EPA/IRIS VAN DEN BROEK)

Shorttrack ass eng Variant vum Äisschnelllaf an zënter 1992 olympesch. An awer ginn et däitlech Ënnerscheeder bei deenen zwou Disziplinnen.

Fir genee ze verstoen ëm wat et bei där Competitioun geet, loosst eis mol bei der Basis ufänken. 

Méi kuerz, méi séier, méi enk

Op enger méi kuerzer Pist wéi beim "normalen" Äisschnelllaf duelléieren sech d’Leefer op engem Oval vun circa 111 Meter ëm déi éischte Plaz. Beim Äisschnelllaf ass d’Piste 400 Meter laang. Weideren Ënnerscheed tëschent deenen zwou Disziplinnen ass, datt d’Leefer beim Shorttrack net op ofgetrennte Bunne géintenee fueren, mee all zesummen op enger Bunn an d’Course ginn. De Shorttrack fänkt dann och mat engem Massestart un. 

Esoubal zwee Leefer op enger Héicht sinn, kënne si iwwerhuelen. Dat baussen, op der Riichter oder souguer an de ganz enke Kéieren. Kierperkontakt mat engem anere Leefer ass awer Tabu. Falls et trotzdeem zum Kierperkontakt kënnt, gi Strofen ausgeschwat. 

Wat huet e Fräsch mat Shorttrack ze dinn?

An deenen enke Kéiere mussen sech d’Athleeten deelweis um Buedem ofstäipe fir d’Gläichgewiicht ze halen. An do kommen déi sougenannt "Fräschhändschen" an d’Spill. Déi solle fir eng gutt Traktioun suergen, ouni d’Leefer ze vill auszebremsen. 

An dobäi si se just duerch Zoufall entstanen. 

De Kim-Ki Hoon, südkoreaneschen Olympionik, deen zweemol Gold bei der Wanterolympiad gewanne konnt, huet nämlech einfach den Haarz, dee benotzt gouf fir d’Enkele bei deenen enke Kéieren ze schützen op d’Fangerspëtze vu sengen Händsche geschmiert - An dat huet immens gutt geklappt fir besser ëm d’Kéieren ze kommen an huet ausgesi wéi d’Hand vun engem Fräsch. Dofir och den Numm. 

Déi sougennante Fräschhändchen | © EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN
Déi sougennante Fräschhändchen (Foto: EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN)

Genee ka sech de Kim net méi erënneren, wéini him déi Iddi koum, mee et war wuel Mëtt vun den 80er Joren, seet hien. Hautdesdaags bestinn déi Erweiderungen dann aus Plastik oder änlechem, mee d’Fräschhändschen hu sech esou oder esou duerchgesat.

play_arrow Lauschteren