Beim Repas sur roues si Retarde méiglech, respektiv ass et ënner Ëmstänn souguer onméiglech, fir Iessen ze liwweren. Wat de Wëlzer Foyer du jour ugeet, ginn d’Clienten entweder mat Verspéidung oder awer guer net doheem ofgeholl, fir an de Foyer ze kommen.
Et schafft een drun, datt d’Servicer sou séier wéi méiglech nees normal lafen, heescht et nach vu Säite vu Servior.