Haut um Méindeg ass de Lawrow zu Peking fir ee Sommet iwwert déi chineesesch Infrastruktur-Initiative «Nei Seidestrooss». Vun do aus soll hien dann direkt an Nordkorea fléien.
Et gëtt erwaart, datt de russeschen Ausseminister do och eng Visitte vum russesche President Wladimir Putin an Nordkorea preparéiert. Dee wier nämlech fir eng Staatsvisitt an Nordkorea invitéiert.