Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Serge Wilmes: D‘Regierung gesäit d’Zukunft an erneierbaren Energien

Atomkraaft

Serge Wilmes: D‘Regierung gesäit d’Zukunft an erneierbaren Energien

Et gëtt keen Dissens an der Regierung iwwer Atomkraaft. Dat seet den Ëmweltminister Serge Wilmes, nodeems zwee DP-Deputéiert op parlamentareschem Wee nofroen, wat dann eigentlech genee de Plang vun der Regierung an deem Beräich ass.

auto_stories

3 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

Wat ass genee de Plang vun der Regierung? Dat froen d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Barbara Agostino an enger Question parlementaire.

Et geet ëm ee méigleche Kurswiessel vun der schwaarz-bloer Regierung an der Fro vun der Atomkraaft. De Luc Frieden hat um Bord vum EU-Sommet gesot, déi nei Regierung géif “zukunftsorientéiert” un d’Atomkraaft erugoen an déi nuklear Fuerschung misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Suen.

Ob déi Aussoen am Regierungsrot beschwat goufen? Wëllen d’DP-Deputéiert wëssen an och, ob den Ëmweltminister där nämmlechter Meenung ass?

Deen huet gëschter Owend zu Bréissel reagéiert.

Koalitiounsprogramm zielt, de Rescht gëtt "a Rou" diskutéiert

Op eis Nofro sot de Serge Wilmes, et géif keen Dissens tëschent CSV an DP, d’Haaptaussoe vum Premier wiere konform mam Koalitiounsprogramm. De Rescht géif an aller Rou diskutéiert ginn. D’Positioun vun der Regierung wier kloer déi, déi och am Koalitiounsprogramm festgehale gouf:

"Keng Atomenergie fir Lëtzebuerg a keen Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg, déi Atomkraaftwierker ronderëm sollen zoumaachen, a mir wëlle massiv an erneierbar Energien zu Lëtzebuerg investéieren a wëllen och, datt dat an Europa geschitt“

D’Atomkraaft vu muer wier net ze vergläiche mat där vu virun 30 oder 40 Joer, esou eng weider Ausso vum Luc Frieden. Ob dat och seng Meenung wier, an ob hie Geleeënheet hat, mam Premier doriwwer ze schwätzen, esou eis Fro un den Ëmweltminister.

Hien hätt dat net gemaach a wéilt do net "iergendeppes interpretéieren an enger Ausso, déi hie soll gemaach hunn“, esou de Serge Wilmes.

"Ech mengen, et ass evident, datt an anere Länner, déi d'Atomenergie hunn, natierlech och investéiert gëtt, fir ze kucken, se esou sécher wéi méiglech ze halen. Fir Lëtzebuerg ass et jo och eng Fro vu Sécherheet, well mir nach ëmmer déi Atomkraaftwierker un eise Grenzen hunn, déi do sinn. Och wa mir dat bedaueren, datt se do sinn. Ech mengen, dat ass also net an deem Sënn kontradiktoresch, hien huet keng Ausso gemaach, elo misste mir dat aktiv ënnerstëtzen."

Lëtzebuerg op EU-Niveau fir erneierbar Energien

Ob d‘Fro, ob dat heescht, datt sech dës Regierung net aktiv dofir asetze wäert, datt EU soll Suen an d'Fuerschung vun Atomenergie stieche soll, sot de Serge Wilmes:

"Ech ka mech net dozou äusseren an deenen Dossieren, well ech hunn net den Iwwerbléck dodriwwer, wou genee elo scho Suen investéiert ginn oder net, dat weess ech elo net, dat muss ech Iech soen. Et ass evident, wat dës Regierung gären hätt, an dat ass wierklech den Ausbau vun den Erneierbaren Energien, an dora sollt investéiert ginn, dat ass eis Haaptausso, déi mir och als Regierung wäerte maachen an och lo scho maachen."

Datt dat souwuel zu Lëtzebuerg, wéi an Europa gemaach gëtt, widderhëlt den Ëmweltminister. An den Erneierbaren Energie wier d'Zukunft ze gesinn, an et wéilt een dee Wee konsequent goen.