arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sensibilisatiounscampagne: Gesellschafte sollen den Handelsregister aktuell halen

national

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Sensibilisatiounscampagne: Gesellschafte sollen den Handelsregister aktuell halen

D’Donnéeë vun de “Luxembourg Business Registers” LBR wäerte verstäerkt iwwerwaacht ginn. Doriwwer informéiert eng Sensibilisatiounscampagne, déi am spéide Mëttwochmoien am Justizministère presentéiert gouf an dëse Weekend uleeft.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© SMS
(Foto: SMS)

D'Zil wier et net, ze sanktionéieren, mee fir d'Informatiounen beispillsweis am Handeslregëster an an deem vun de Bénéficiaires effectifs um neitste Stand ze hunn, esou d’LBR-Responsabel. 

Véier konkret Objektiver 

Objektiver vun der Transformatioun vun den LBR ginn et der e puer, huet den Direkter Yves Gonner betount. Éischtens géint et ëm d’Reputatioun vum Land. Zweetens sollen d’Gesetzer a Saache Wirtschaftskriminalitéit respektéiert ginn. Drëttens sollen d’Regësteren integer sinn a véiertens sollen d’Benotzer:inne bei de Prozedure gehollef kréien.

Fir déi Ziler ze erreechen, gëtt sech konzentréiert op d’Prezisioun an d’Integritéit vun de Regësteren, esou den Yves Gonner.

"Do sinn am Fong dräi Elementer: Dat éischt ass, wann d’Donnéeë bis eragereecht gi sinn an d’Regësteren, gi se jo kontrolléiert vun eis, dono ass e Suivi vun deem Contrôle an hannendrun ass dann och d’Mise en conformité, wa mer Manquemente constatéieren."

Vu preventiv iwwer zwéngend bis repressiv 

D’Kontroll geschitt dem LBR-Direkter no automatiséiert a manuell, an d’Mise en conformité leeft an dräi Phasen of.

Enger preventiver, enger zwéngender an enger repressiver. Fir d’éischt geet eng Warnung un de Betrib. 

"Wann no engem Mount déi Mise à jour net gemaach ass, da lafen déi Sanktiounen un. Da kënnt den Avertissement op de Site."

No 4 Méint géif eng Astreinte gesprach ginn.

"40 Euro den Dag bis maximal 3.600 Euro op enger Zäit vun 90 Deeg Maximum. Ab 12 Méint, nodeems de Bréif erausgaangen ass, gëtt de Betrib dann aus dem Regëster gestrach, an den Dossier gëtt transferéiert op de Parquet."

Den Daniel Ruppert, President vum LBR, huet erkläert, datt op den 31. Dezember iwwer 168.000 Entitéiten an de “Luxembourg Business Registers” immatrikuléiert waren. Am Handelsregëster gëtt et beispillweis eng dominant Zort vu Gesellschaften.

"Knapp 80 Prozent vun der Populatioun si Sociétés commerciales. Déi zwee Haaptblocs sinn natierlech d’Sàrl, déi déi allerheefegst Form ass, an da kënnt d’Société anonyme, mee déi awer scho wäit ënner der Zuel vun den Sàrlen ass."

D’LBR goufen am Joer 2000 gegrënnt, an de Moment gëtt et der véier. Den Handelsregëster RCS, den elektronesche Recueil vu Sociétéite RESA, de Regëster vun den effektive Bénéficiairen RBE an de Regëster vun der Insolvabilitéit REGINSOL.

play_arrow Lauschteren