arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: Staatsfinanze weiderhin zolidd, Situatioun awer manner dynamesch wéi 2024

Finanzen

|
headphones

1 min

Gilles Roth: Staatsfinanze weiderhin zolidd, Situatioun awer manner dynamesch wéi 2024

De Finanzminister huet den Dënschdegmoien d'Situatioun vun de Staatsfinanzen zum Schluss vum Joer 2025 presentéiert. Nom Rekordjoer 2024 wieren d'Recetten och d'lëscht Joer weider, wann och manner staark geklommen.

headphones

1 min

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth | © Chambre des Députés
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth (Foto: Chambre des Députés)

D'Recettë vum Zentralstaat loungen 2025 bei iwwer 29 Milliounen Euro. Dëst ass eng Progressioun vun 2,5 Prozent par rapport zum Joer virdrun. 2024 gouf et eng Progressioun vun 11,5 Prozent. Déi Chifferen deelt de Finanzministère mat. 

Hausse bei den Depensen 

Och d'Depensë vum Zentralstaat sinn ëm 7,4 Prozent an engem Joer geklommen. Dat sinn iwwer 30 Milliarden Euro.

Déi Hausse wier haaptsächlech duerch ëffentlech Investissementer bedéngt. Dozou géifen ënner anerem den abordabele Wunnengsbau an de militäreschen Equipement zielen. Esou gëtt et en Defizit vun enger Milliard. Dee Chiffer wier awer nach net definitiv, esou de Gilles Roth.