Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Next To

play_arrow Live
search

/ Selenskyj wäert militäresch Ënnerstëtzung viru Chrëschtdag froen

Krich an der Ukrain

Selenskyj wäert militäresch Ënnerstëtzung viru Chrëschtdag froen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gëtt den Owend zu Bréissel erwaart fir en Treffe mat Vetrieder vun den NATO-Länner an der Bréisseler Residenz vum NATO Generalsekretär Mark Rutte. De Selenskyj wéilt viru Chrëschtdag weider militäresch Ënnerstëtzung vun der NATO froen, esou déi däitsch Presseagence.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

Beim Treffe soll et och ëm méiglech Sécherheetsgarantië fir de Fall vun engem Waffestëllstand mat Russland goen, esou nach dpa.

Am russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain ginn d'USA dovun aus, datt schonn Honnerten nordkoreanesch Zaldoten ëm d'Liewe koumen oder blesséiert goufen.

Bei enger Offensiv géint déi ukrainesch Truppen an der russescher Grenzregioun Kursk hätt et staark Verloschter gi fir déi ronn 10.000 nordkoreanesch Zaldoten, déi un der Säit vu Russland kämpfen. Et wier ëmmer méi kloer, datt déi nordkoreanesch Zaldoten net déi néideg Kampferfarung hätten.