Méi wéi zwee Joer nom Ufank vum russeschen Aggressiounskrich huet d‘Ukrain staark Verloschter gemaach. Am Dezember zejoert hat de Selenskyj gesot, d‘Ukrain géif 500.000 Zaldote méi brauchen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Selenskyj ënnerschreift neit Gesetz fir méi Zaldoten ze rekrutéieren
Ukrain
Selenskyj ënnerschreift neit Gesetz fir méi Zaldoten ze rekrutéieren
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet e Gesetz ënnerschriwwen, fir méi Reserviste fir de Krich ze rekrutéieren. Mat deem Gesetz gëtt den Alter, fir Reservisten ze mobiliséieren, erofgesat, vu 27 op 25 Joer.
auto_stories
1 min
![Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine](/1_Foto/100komma7.lu/168806/image-thumb__168806__base_thumbnail/Wolodymyr%20Selenskyj%20Arm%C3%A9i.f4148e33.jpg)
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine