Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Selenksyj: Ukrain verzicht net op Territoire ouni d'Vollek ze froen

Méiglech Friddensléisung

Selenksyj: Ukrain verzicht net op Territoire ouni d'Vollek ze froen

Am Kontext vun enger méiglecher Friddensléisung an der UKRAIN, huet den ukrainesche President däitlech gemaach, net op Territoirë wëllen ze verzichten, ouni datt d’Vollek deem géif zoustëmmen.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

All Froe vun der territorialer Integritéit kéinten net ouni dat ukrainescht Vollek geléist ginn, esou de Wolodymyr Selenskyj am Interview mat der franséischer Zeitung „Le Monde“.

Et misst awer beduecht ginn, datt de russesche President ee Verzicht op Gebitter als eng Victoire kéint gesinn.

Bei Friddensverhandlunge misst Russland mat um Dësch sëtzen, esou den ukrainesche President. Soss kéinte keng richteg Resultater erreecht ginn.

An der Ukrain gëtt iwwerdeems doriwwer spekuléiert, datt déi éischt amerikanesche F-16-Kampf-Jette scho kéinten ukomm sinn.