Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

9 bis 1  |  Hanner den Téin - Episod 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De séieren Tram soll 2035 bis op Bieles fueren

Mobilitéit

De séieren Tram soll 2035 bis op Bieles fueren

2035 soll de séieren Tram tëschent der Cloche d’Or a Bieles fueren. Bis dohinner sollen no an no 13 weider Tramsstatiounen dobäi kommen, respektiv weider knapp 18 Kilometer Tracé.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Tram | © picture alliance / Harald Tittel / dpa play_arrow

Geplangt ass och eng Optimiséierung vun den Autobunnen A4 an A13, eng drëtt Spuer fir Bussen a Covoiturage op der Escher Autobunn an ënner anerem ee Vëlo-Expresswee mat Zoubrénger-Weeër.

Rieds geet vun engem “multimodale Couloir” tëschent der Stad Lëtzebuerg an der Süd-Regioun. All d’Projeten zesummen – dorënner och de séieren Tram - solle ronn dräi Milliarden Euro kaschten, huet de Minister François Bausch ugekënnegt. "Dat ass ee Risepak, deen déi nächst 12 Joer muss investéiert ginn." 

François Bausch: "Een extrem wichtege Projet"

Et wier immens wichteg, d'Verbindung tëscht dem Süden a vun der Stad hinzekréien, wann net, da "kréie mer richeg Probleemer", sou de François Bausch.

De Minister huet vun engem “extrem wichtege Projet” geschwat, fir déi wirtschaftlech Zentre vum Land mateneen ze verbannen. Fir dëse Projet géif et de Moment ee grousse politesche Konsens ginn, tëschent de Parteien, déi an der Verantwortung sinn.

Bis zu 100 km/h

Dee geplangte séieren Tram soll zum Deel mat bis zu 100 Kilometer an der Stonn fueren. Et soll awer ee sougenannten “tram urbain” bleiwen, mat duebel sou ville Sëtzplazen, wéi den Tram, dee schonn an der Stad fiert, seet de Generaldirekter vu Luxtram, André von der Marck. 

De séieren Tram soll tëschent Leideleng a Féiz keng Arrêten hunn, wuel awer e puer Statiounen an Esch-Uelzecht.

Fir d’Realiséierung vun alle Projeten hunn déi sechs betraffe Gemengen an de Ministère ee politesche Comité gegrënnt, deen de Moien eng éischte Kéier zesumme war.

Lauschterenplay_arrow

live

Live