Wärend der Waffepaus goufe bis elo am Ganzen 81 Geiselen – alle guer Fraen a Kanner – an 180 palestinensesch Prisonéier fräigelooss.
Déi aktuell Waffepaus leeft am Prinzip muer de Moien um 5 Auer aus. Iwwert eng eventuell weider Verlängerung vun der Waffepaus géif verhandelt ginn, esou e Spriecher vum Haapt-Mediateur Katar.
D‘Waffepaus gouf och genotzt fir der palestinensescher Zivilpopulatioun an der Gazasträif weider humanitär Hëllef ze bréngen.
De G7-Grupp vun de räichste Länner fuerdert d‘Fräiloossung vun alle Geiselen an der Gazasträif, a eng weider Verlängerung vun der Waffepaus, heescht et an enger gemeinsamer Deklaratioun, déi den amerikaneschen Ausseministère verëffentlech huet. Doriwwer eraus betounen d‘G7-Länner op en Neits, datt Israel ee Recht hätt, sech géint terroristesch Attacke wéi déi vum 7. Oktober ze verdeedegen.