arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sech dem "Häerzstéck" Süde widmen: Françoise Kemp nei Presidentin vum CSV-Südbezierk

National Politik

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Sech dem "Häerzstéck" Süde widmen: Françoise Kemp nei Presidentin vum CSV-Südbezierk

D'CSV-Deputéiert Françoise Kemp ass zënter gëschter nei Presidentin vum CSV-Südbezierk. An där Roll kéint si sech asetze fir hiert "Häerzstéck, de Süden", esou d'Politikerin am 100,7-Interview. Dofir muss si awer op een anere Poste verzichten.

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow
D'Françoise Kemp vun der CSV. | © Jo Diseviscourt
D'Françoise Kemp vun der CSV. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Südbezierk ass de gréisste Walbezierk am Land. Dofir wier et wichteg, do gutt opgestallt ze sinn, seet déi nei Presidentin vun deem Bezierk, d’Françoise Kemp, um Mikro vum Radio 100,7.

De Wandel vum Süden aktiv begleeden

De Süde géing virun engem grousse Wandel stoen. Ee Beispill sinn déi sëllege Frichen, déi a Wunnraim ëmgewandelt ginn. Et wier wichteg esou Prozesser aktiv ze begleeden, seet d’Françoise Kemp.

Si wier och dozou encouragéiert ginn, dee Posten ze iwwerhuelen, verréit si. Schliisslech dierf een net vergiessen, datt am Süden eng Rei aner staark Perséinlechkeete vun der CSV doheem sinn, déi awer wéinst anere Mandater dee Posten net iwwerhuele konnten, oder wollten.

Dat eenzegt, wou ee sech an der CSV eens war: Een Deputéierte sollt de Poste kréien.

Net mat Co-Parteipresidence kompatibel

Déi nei Roll als Presidentin vum Südbezirk huet awer och Konsequenzen op aner Verflichtunge vun der Françoise Kemp. Esou wäert si de Poste vun der Co-Generalsekretärin um nächsten CSV-Kongress ofginn. 

Gëschter um Südkongress sot si, datt de Rôle vun der Co-Generalsekretärin "d’Häerzstéck" vun der Partei wier.

“Do lafen d’Fiedem zesumme vun der Regierungsaarbecht, der Chamberaarbecht, a gi mat der Basis verknëppt.” 

Mam Bagage vun deem Poste wéilt si elo d’Presidence vum Südbezierk iwwerhuelen. Béides ënner een Hutt ze kréie wier iwwerdeems net méiglech gewiescht, betount d’CSV-Deputéiert.

Eng Partei brauch verschidde Stréimungen

Kéint eventuell aus dem Südbezierk eng Géigekandidatur en Vue vun der nationaler Presidence kommen? Nee, mengt d’Françoise Kemp. Si geet dovun aus, datt de Luc Frieden deen eenzege Kandidat fir dee Poste wäert sinn.

Den CSV-Zentrumsbezierk huet de Ruff, méi wirtschaftsliberal ze sinn. Am Süde gëtt dogéint dat Soziaalt méi an der Vierdergrond geréckelt. Dat wier nach ëmmer esou, mengt d’Françoise Kemp. Dat hätt een och doru gesinn, wéi eng Ministere geschwat hunn.

“D'Martine Deprez, de Marc Spautz: Déi kommen aus dem Süden a gehéieren definitiv zum soziale Flillek vun der CSV.”

Tëschent béiden Ausriichtunge géing et awer kee Konfliktpotential ginn, betount d’CSV-Deputéiert. An enger Partei géing ëmmer diskutéiert ginn.

“Dat ass normal a wichteg. Béides brauche mir, fir d’Identitéit ze bewaren.”

"Et ass keng Affär Deprez"

En anere Poste kann d’Françoise Kemp awer behalen: Dee vun der Presidentin vun der Santéskommissioun an der Chamber. Déi wäert sech muer nach emol mat der Affär Wilmes beschäftegen. D’Suspendéierung vum Dokter steet um Ordre du jour, wéi d’Françoise Kemp verréit. 

Gläichzäiteg hëlt si awer och d’Ministesch a Schutz.

“Et ass keng Affär Deprez, mee eng Affär Wilmes.”

Elo sollt een awer mol d’Experten hir Aarbecht maache loossen, esou nach d’Françoise Kemp.

play_arrow Lauschteren