Radioen

On air

9 bis 1  |  Alvin And Lyle - Morning Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budget: Schwéierpunkt vun extraordinären Depense läit um Logement

Gemengerot vun Esch

Budget: Schwéierpunkt vun extraordinären Depense läit um Logement

Den Escher Gemengerot huet wéi erwaart de Budget fir 2024 ugeholl. Déi schwaarz-blo-gréng Majoritéit huet dofir gestëmmt, wärend d’Oppositiounsparteien LSAP, déi Lénk, d’Piraten an d’ADR geschlossen dergéint gestëmmt hunn. Deemno gouf et am ganzen zéng Stëmmen dofir an néng dogéint.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Den neie Budget gesäit dann fir een Iwwerschoss vu ronn 830.000 Euro fir. Am ordinairen Deel si Recetten vun 251 Milliounen Euro an Dépensen vun 243 Milliounen Euro ageplangt. Den extraordinairen Deel gesäit Dépensen an der Héischt vun 169 Milliounen Euro vir. De Schwéierpunkt am nächste Joer soll da virun allem um Wunnengsbau an op de Renovatioune leien. 

Fir all dës Investitiounen ze finanzéieren gesäit den neien Budget awer och een Emprunt vun am ganzen iwwer 97 Milliounen Euro vir, bedauert de Buergermeeschter Christian Weis.

“Mir hunn een Emprunt geschriwwen, dee mir eigentlech net sou gäre wéilten zéien. Kee vun eis hei bannen. Well mir natierlech wëssen, datt dat een Impakt op déi nächst Budgeten huet. An dofir sinn ech nach ëmmer zouversiichtlech, och wann deen Emprunt dra geschriwwen ass, datt mir deen net wäerten an där Form zéien”

Lauschterenplay_arrow

Den CSV-Politiker Pascal Bermes erkläert awer, datt deen Emprunt noutwenneg wier a mat Viraussiicht gemaach gëtt. 

"Dofir wier et gutt, sou vill Wunnenge wéi méiglech aus de Gebaier 6N a 7N ze verkafen, fir mat den zousätzleche Recetten den Emprunt sou kleng wéi et geet ze halen. Genau wéi jiddereen hei bannen et weess sinn ech mir och bewosst datt d’Situatioun um Marché net einfach ass, mee ech hu Vertrauen an de Schäfferot, an ech sinn iwwerzeegt, datt si mam Fonds de Logement no Léisunge sichen.”

Lauschterenplay_arrow

Domat klammen d’Gesamtscholde vun der Stat Esch op iwwer 187 Milliounen Euro.