Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino: Wie kontrolléiert wien?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schweden verzweifelt un der Bandekriminalitéit

Militär soll ageschalt ginn

Schweden verzweifelt un der Bandekriminalitéit

D’Bandekriminalitéit a Schweden huet an de leschte Wochen a Méint ni do gewieschten Ausmoossen erreecht. Ëmmer erëm kënnt bei Ausernanersetzungen tëschent rivaliséierende Banden zu Schëss an Explosiounen. D’lescht Joer koumen dobäi 60 Mënschen ëm d’Liewen, an eleng dëse September waren et der 11, dorënner och onbedeelegt Leit. Elo soll esouguer d’Militär ageschalt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Ulf Kristersson | © picture alliance / Photoshot play_arrow
Ulf Kristersson (Foto: picture alliance / Photoshot)

Lauschterenplay_arrow

A wéi enger Funktioun d’Zaldoten der Police hëllefe kéinten, soll haut beschwat ginn. De Premierminister Ulf Kristersson wëll haut mam Chef vum Militär a mam Chef vun der Police zesummekommen.

Problemateschen Impakt op d'Jugend​

Schweden, an och keen anert Land an Europa, hätt esou eppes jee erlieft, sot hien an enger Ried zur Lag vun der Natioun. Dëse Mount ass d’Bandegewalt am Land op en Neits eskaléiert. Hannergrond ass schwedesche Medien no e Konflikt innerhalb vum kriminelle Foxtrot-Netzwierk.

De Chef vun där Organisatioun soll an ee Sträit mat engem Kompliz gerode sinn. Problematesch ass virun allem och den Impakt op d’Jugend: Heefeg rekrutéieren dës Bande Mannerjäreger fir d’Attacken duerchzeféieren.

Méi Rechter fir d'Police als Léisung?​

Dem Ulf Kristersson seng Mëtt-Riets Beweegung huet schonn d’lescht Joer méi schaarf Mesure géint dës Kriminalitéit versprach. Der lénker Virgänger-Regierung huet hie virgeworf, hei net genuch ënnerholl ze hunn.

Mee och dem Kristersson seng Regierung krut d’Lag bis elo net wierklech an de Grëff. Elo wëll hien d’Strofgesetz änneren, fir datt d’Police méi Rechter kritt, Täter méi schwéier Strofe kréien an Zeie besser geschützt sinn.