Dee Constat mécht d‘Up Foundation, déi sech zanter fënnef Joer mat verschidde Projeten asetzt fir d‘Acteuren, déi mat Kanner schaffen, ze vernetzen – vun den Enseignanten, iwwer d‘Eltere bis bei d‘Veräiner, Entitéiten aus der non-formaler Bildung an och d‘Politik. Et wier een net do fir ze streiden, mee fir Leit zesummenzebréngen.
Zum Beispill iwwer d‘Wichtegkeet vun der Medien-Erzéiung, mee och der mentaler Gesondheet vun de Kanner. Dozou sot de Ben Piret vun der Up Foundation:
T'ass een Thema wat hautdesdags ëmmer méi an der Aktualitéit steet, an eis ass et och wichteg ze soen, datt dat och bei klenge Kanner wichteg ass. Mir hu Psycho-Pediatren geschwat a mat Dokteren, déi soen "Et gesäit ee scho ganz fréi beim Kand a wéi eng Richtung et ka goen."
Deemno goufe virun der Press och keng Kriticken, mee Recommandatioune formuléiert. Zum Beispill iwwer d‘Wichtegkeet vun der Medien-Erzéiung, mee och der mentaler Gesondheet vun de Kanner - vu klengstem Alter un. Den Owend stellt d‘Up Foundation hir Recommandatiounen an der Philharmonie vir, dat a Presenz vum Educatiounsminister, grad wéi Acteuren aus der Bildungslandschaft an och der Zivilgesellschaft.