Am Kader vum KIKARO, dem Kiem Kannerrot, hunn déi aacht gewielte Kannervertrieder sech dat ganzt Schouljoer iwwer fir dëse Projet agesat an hir Propositioune bei der Gemeng virgedroen.
D’lescht Rentrée goufen an der Kiem-Schoul um Kierchbierg aus 150 Kandidat:innen aacht Kannervertrieder:innen aus dem Cycle 2 bis 4 fir de Schülercomité gewielt. Schonn am Walkampf war de Schoulhaff ee vun den Haaptthemen.
Gréng Schietplaz schafen
Um Kiermer Schoulhaff stinn zënter kuerzem zwou nei "Komposit-Konstruktiounen", déi de Kanner Schied solle bidden. Komposit heescht, datt verschidde Materialien, ënnert anerem Plastik verschafft gi sinn.
Dës Konstruktiounen gesinn e bëssen aus wéi grouss Blummen. Aus engem groe Sockel ginn dënn Staangen no uewen, déi sech matenee verflechten an e Gerüst bilden. Dorop kënnen d’Planzen eropklammen, esou datt hei no an no eng gréng Schietplaz entsteet.
Politiker:innen wiere begeeschtert gewiescht
Des Schietplaz geet op eng Iddi vum Kiemer Kannerrot zeréck. Dës an aner Verbesserungsvirschléi hir Schoul, haten d'Kanner an engem gemeinsame Bréif bei der Gemeng eragereecht.
“Also mir hu geschriwwe wat mir wollte méi am Schoulhaff hunn a mir hunn och e puer Biller gemoolt.”
Doropshi goufen d’Kanner vun der Stater Gemeng agelueden an hunn hir Iddien a Proposen den erwuessene Politiker presentéiert. D’Iddie sinn net nëmme bei de Politiker:innen op groussen Zousproch gestouss, mee och beim Léierpersonal, dat de Projet elo weiderféiere wëll.
De Kannerrot wier e wichtege Projet deen d’Schüler a Schülerinnen an den demokratesche Prozess involvéiert an d’Kanner och verbënnt, erzielt d’Cathy Weber, d’Responsabel vum Kiem Kannerrot.
"Ech mengen, datt et grad elo an dësen Zäiten extreem wichteg ass, fir déi demokratesch Wäerter méi héich liewen ze loossen. An et ass och eng flott Geleeënheet, well mer esou eng grouss Schoul sinn, dass een déi Schoul e bësse méi no beienee bréngt an dass déi ënnerschiddlech Cycle sech vläicht e bësse besser kenneléieren a Kanner sech, jo, gemeinsam Iddien a gemeinsam Wënsch fir d’Schoul kënne formuléieren.”
Nach vill Iddien an Dreem
Réckbléckend wier si zefridde wéi sech de Projet am leschte Joer entwéckelt hätt.
“Ech denken awer, dass mer vir en éischt Joer schonn extreem vill ëmgesat hunn. Si waren op der Schoulawaiiung dobäi, si hunn e Bréif un d’Gemeng geschriwwe waren op der Gemeng, si hunn ee Logo entworf, deen dann och déi nächst Joren am KIKARO mat dobäi ass. A voilà, ech denke lo kënnen aus deenen Erfarunge vum éischte Joer einfach d’Saache verbesseren.”
Wënsch an Iddie goufen et vill vir de Schoulhaff ze verbesseren. Et konnt awer nach net alles ëmgesat ginn. Wënsch déi nach opbleiwe sinn zum Beispill en“Trampolin, eng Schaukel, eng Tyrolienne oder och e Pinpongsdësch.
D'Kanner wieren houfreg wat si schonn alles erreecht hunn, och wa esou munches vläicht méi lues viru geet wéi si sech dat virgestallt hunn.
D’Kanner am Kiemer Kannerrot wëllen och d'nächst Joer nees kandidéieren. Als Erwuessener an d’Politik ze goen, dat kënnt fir de Niamh, 10 Joer, de Moment awer net a Fro.
“Well mir hu vill ze dinn a mir mussen iwwer sérieux Saache schwätzen a Saachen déi musse geännert ginn an do gëtt et och Streit.”
Reportage vum Emma Hizette a Max Voncken