De Wanterdéngscht wier am Asaz, fir nees e séchere Betrib z’erméiglechen. Och den Zuchverkéier ronderëm München ass betraff. D‘Schinne sinn zum Deel blockéiert, duerch Beem déi ëmgefall sinn. An och Metroen, Busser an Tramme sinn an der bayrescher Landeshaaptstad zäitweis net gefuer wéinst dem ville Schnéi.
A wéinst dem Schnéichaos gouf och d‘Futtball-Bundesliga-Spill tëscht Bayern München an Union Berlin haut den Owend ofgesot. D‘Sécherheetsrisike wieren ze grouss, huet Union Berlin matgedeelt.
Och vill Schnéi an Eisterräich an an der Schwäiz
Och an der Schwäiz an an Eisterräich ass an de leschte Stonne bis zu engem halwe Meter Schnéi gefall. A verschidde Regioune gëllt déi zweethéchste Lawinewarnstuf. An Tirol an Eisträich ass de Stroum plazeweis ausgefall, well Beem op d‘Leitunge gefall waren. De Verkéier war am Beräich vun den Alpen staark perturbéiert.