Radioen

On air

Spektrum  |  I Am Sea - What If

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post vum Guy: Himalaya

Reesbericht

Post vum Guy: Himalaya

D’Stroosse fir an den Himalaya sinn esou voller Lächer, datt den Jeep mat zéng Kilometer an der Stonn fiert, an ech awer um Sëtz ronderëm gejummt ginn, wéi e Cowboy op sengem Rodeo-Päerd. D’Resultat ass, datt weder de Chauffeur nach mäi Guide Ramesh nach ech matkréien, datt zur selwechter Zäit en Äerdbiewen d'Géigend duerchrëselt. Wéi den Zaldot beim éischte Militär-Kontrollpunkt eis d’Saach erzielt, si mer all paff.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

De Ramesh hat 2015 déi brutal Biewen am Nepal materlieft, bei deene bal 9000 Mënsche gestuerwen an eng 800.000 Haiser zesummegebrach sinn. Och hien huet Frënn a Famill verluer. Do wou mer hin trekke wäerte, stoung deemools um Wee en Duerf an dat all d’Leit vun der Géigend gepilgert waren, fir eng reliéis Zeremonie. Vun deenen huet keen iwwerlieft, seet de Ramesh. Hie selwer war deemools zu Kathmandu, wou och vill an d’Gette gaangen ass.

Um Wee laanscht Strooss leien iwwerall dout Béischten. All honnert Meter gëtt e Büffel geschluecht oder eng Geess. Op Plastikszeile verdeelt glënnert bluddegt Fleesch an der Sonn, ronderëm sëtze Fraen, Männer a Kanner, déi sech freeën. „Dashain“ gëtt gefeiert, dat gréisst hinduistescht Fest am Nepal. Zwou Wochen dauert et, déi meescht hu Vakanz a si bei hirer Famill, Geschäfter sinn zou, d‘Banken, d‘Restauranten an och d’Schoulen. E bëssche wéi bei eis Chrëschtdag, just dat mär eise Brot net selwer schluechten. Gefeiert gëtt, datt dat Gutt iwwer dat Béist gewonnen huet. Mythologesch gesinn, wuelverstanen. Also och wéi bei eis, wou mam Jesus jo deen op d’Welt koum, dee spéider all eis Sënnen op sech geholl huet. Leider sinn der no sengem Dout erëm vill dobäi komm.

An de Bierger ginn d'Déiere just an Ausname geschluecht

Dat Ganzt Geschluechts hei am Nepal op engem bestëmmtenen Dag huet nawell vill Kritiker op d’Palm bruecht. Ech huelen un, kee vun hinne wor jeemools an engem vun eise Schluechthaiser an Europa. D’Büffele stierwen hei am Nepal zwar als Affer fir d’Gëttin Durga, mee den aneren Dag gëtt alles gemaufelt an dat vu Leit, déi rar Fleesch um Teller hunn.

Och ech hunn, wat mer méi wäit an d’Bierger gewandert sinn, ugefaangen, mech vegetaresch ze ernieren, well um Menü meeschtens kee Fleesch stoung. Alles an deene klengen Dierfer, wou mer geschlof hunn, muss mat Ieselen oder vu Mënschen eropgeschleeft ginn. Dowéinst ass et och vill méi deier wéi an der Haaptstad. D‘Déiere ginn an de Bierger, ausser zum Fest „Dashain“, net geschluecht, well se um Feld hëllefen oder Mëllech ginn. Essenziel fir ze iwwerliewen.

D’Landschaft ass am Himalaya iwregens sensationell schéin, mee et ass fir d’Baueren an och fir déi, déi vum Tourismus liewen, en haart Dosinn.

En haart Liewen

Wann s de der hei eppes bréchs oder krank gëss, muss de deeglaang erofwanderen fir doënnen e Bus bis op Kathmandu ze kréien, seet d‘Mingmar, eng Fra vun 30 Joer aus dem Duerf Kyanjin Gompa, dat op 3850 Meter läit. Hatt erzielt, datt hatt esou säi Kand verluer huet. Keng Chance schnell an e Spidol ze kommen.

Säi Liewen hat hatt sech anescht virgestallt. Och dat huet mam Äerdbiewe vun 2015 ze dinn. D‘Mingmar wollt an den USA studéieren, war mat engem Mann hei aus der Géigend liéiert, deem seng Eltere beim Biewen ëm d’Liewe koumen. Hie wollt doropshin d’Téihaus vu sengem Papp ëmbauen, fir sech an dem Mingmar eng Zukunft opzebauen an huet Hëllef gebraucht. Also ass hatt bliwwen, huet net studéiert a féiert elo de „Buddha Inn“ am Duerf. Säi Bouf vu sechs Joer gesäit hat just an der Vakanz, well et zu Kyanjin Gompa keng Schoul gëtt. Och an deenen aneren Dierfer net. All d’Kanner mussen op Kathmandu an d’Internat. Och dat ass haart.

D'Äerbiewe verschlof

Wat aus dem „Buddha Inn“ gëtt, wann d’Regierung wäit ënnen alles iwwerschwemmt, well e Waasserkraaftwierk gebaut gëtt, weess hat nach net. Mee de Langtang-Trek wäert et dann net méi ginn an domat wuel och keng Touriste méi. Mee d’Nepalese si gutt am Improviséieren, seet hat, et wäert sech e Wee fannen.

Nach virun 20 Joer sinn et déi sougenannt Téihaiser, rudimentär Hoteler mat Toilett an Dusch am Gaart, verschiddener och e bëssche besser ausstafféiert, net ginn. Do huet ee misse bei 0 Grad am Zelt iwwernuechten. Vläicht bléien dowéinst iwwerall grouss Marihuanaplanzen laanscht de Wee. Da spiert een d’Keelt net esou, wann ee schléift.

Ech selwer hunn och ouni Dope e gudde Schlof. Wou ech zwou Woche méi spéit erëm zu Kathmandu war, ass et erëm en Äerdbiewe ginn. All d’Hotelsgäscht si kuerz viru Mëtternuecht erwächt, well se duerchgestuckelt gi sinn, an erof an den Haff gelaf. Just ech hunn alles verschlof.

Lauschterenplay_arrow