arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlëmm Onwierder a China: Iwwerschwemmunge fuerderen op d‘mannst 11 Doudeger

China

|
reading time

1 min

Schlëmm Onwierder a China: Iwwerschwemmunge fuerderen op d‘mannst 11 Doudeger

A China kämpfen direkt e puer Géigende mat staarkem Reen an Iwwerschwemmungen, dorënner verschidde Regiounen an Zentralchina an am Nordweste vum Land. Bis elo geet rieds vun op d‘mannst 11 Doudegen a ville Vermëssten.

reading time

1 min

Beijing | ©  EPA/JESSICA LEE
Beijing (Foto: EPA/JESSICA LEE)

Bei den uergen Onwierder a China soll et e puer Honnert Blesséierter ginn. Wéinst dem staarke Ree goufen et op puer Plazen Äerdrutschen. 

D‘Lag a China dierft och weider ugespaant bleiwen. Vum Pazifik hier ass den Taifun "Bavi" ënnerwee. Den Tropestuerm beweegt sech mat iwwer 200 Stonnekilometer op de Südoste vu China duer a kéint e Samschdeg fir d‘éischt op Taiwan treffen.