D‘Hannergrënn sinn nach net kloer. Et ass och net gewosst, op d‘Dot direkt eppes mat der Parad ze dinn huet. Wéi bei der Gare Schëss gefall si koum et zu chaoteschen Zeenen a Leit hu sech op de Buedem gehäit.
D'Police konnt dräi Verdächteger festhuelen. Den amerikanesche President Joe Biden huet sech schockéiert gewisen an op en neist drop higewisen, datt méi streng Waffegesetzer noutwendeg wieren.