Eelef EU-Länner hunn den Ament nees Grenzkontrollen agefouert. Dozou gehéiere Frankräich, Dänemark, Schweden, Italien, Däitschland an Éisträich.
Schengen net dout, mee futti
“Österreich hat Grenzkontrollen Richtung Ungarn, Slowenien, zuletzt auch Tschechien und Slowenien begonnen”, sou den éisträicheschen Inneminister Gerhard Karner Enn Oktober op enger Sitzung um Kierchbierg. Sou wäit ze soen, Schengen wier dout, wollt hien net goen.
“Ich würde nicht so weit gehen, zu sagen, Schengen ist tot. Ich hab gesagt, Schengen ist kaputt derzeit.”
Schold doru sinn d’Länner, déi zum Beispill no terroristeschen Attacken hir Grenzen zoumaachen. Aus där Ausnam géing dono eng Reegel, seet d’Europadeputéiert Sylvie Guillaume.
“En 2015, la France a décidé de rétablier les contrôles aux frontières avec un certain nombre de pays. Normalement, ces contrôles devaient durer pendant six mois. Or sept ans après, en 2022, ils existaient toujours.”
Kritik un der Europäescher Kommissioun
D’Europäesch Kommissioun géif hei just nokucken amplaz ze reagéieren, kritiséiert d’Sylvie Guillaume. “Grenzkontrolle mussen evitéiert ginn”, sot zu Lëtzebuerg déi zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson. An hirem leschte Rapport attestéiert d’Kommissioun der Schengen-Zon awer ee gudden Zoustand.
“D’Memberstaate schaffe besser mat hiren Nopeschlänner zesummen. Dat ass dat wat mir wëllen: méi eng cibléiert Zesummenaarbecht vun der Police a manner d’Leit op de Grenze stoppen.”
Memberlänner wëlle fräi Hand bei de Grenzkontrollen
Dat awer soll der Reform no, déi d’Kommissioun fir d’Schengen-Zon proposéiert, weider méiglech sinn. D’Parlament awer ass do net averstane, seet d’Sylvie Guillaume. Déi franséisch Sozialistin féiert déi Verhandlungen am Numm vum Europaparlament.
„On nous opposait au cours de la discussion le fait que finalement il fallait prévoir qu’il n’y ait pas de limites aux contrôles de frontières intérieures et que ce serait finalement exclusivement aux états de membres de décider de cela.“
Schwiereg Verhandlungen iwwert Reform
D’Parlament awer pocht drop, datt déi Mesuren zäitlech begrenzt musse ginn. Och wann d’Memberlänner an enger Zort Krisemechanismus sinn. D’Memberlänner awer hätte gären eng fräi Hand, fir Schengen Limitten ze setzen.
Et géifen nach grouss Divergenzen, sou d’Rapportrice vum Europaparlament. En Dënschdeg ginn d’Verhandlungen un. Et wäert schwéier ginn, d’Reform vum Schengen-Raum nach virun den Europawalen d’nächst Joer ofzeschléissen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.