Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schéisserei an enger finnescher Schoul: Kand vun 12 Joer kënnt ëm d'Liewen

Täter war mannerjäreg

Schéisserei an enger finnescher Schoul: Kand vun 12 Joer kënnt ëm d'Liewen

No enger Schéisserei an enger Schoul a Finnland ass elo ee Kand vun 12 Joer gestuerwen. Dat mellt déi finnesch Police. Zwee weider 12-järeg Schüler goufe schwéier blesséiert.

auto_stories

1 min

Police Finnland | © Lev Karavanov
Foto: Lev Karavanov / Bigstock

De presuméierten Täter, deen och mannerjäreg ass, gouf scho festgeholl. Dat ouni weider Komplikatiounen. Fir den Ament ass nach näischt iwwer d‘Hannergrënn vun der Dot gewosst. D‘Police huet de Public dozou opgefuerdert, sech vum Gebitt an der Stad Vantaa ze distanzéieren. Eng Enquête leeft.