search

/ Salariéeën, déi kuerz virun der Pensioun stinn: Zuel huet sech bal verdräifacht

ZËNTER 2009

|
headphones

1 min

Salariéeën, déi kuerz virun der Pensioun stinn: Zuel huet sech bal verdräifacht

D‘Zuel vu Salariéeën tëschent 55 a 64 Joer, also déi kuerz virun der Pensioun stinn, hätt sech zu Lëtzebuerg zënter 2009 bal verdräifacht. Dat huet d‘Fondatioun IDEA festgestallt.

headphones

1 min

Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

D‘Hausse wier zur Hallschent duerch d‘Frontalieren ze erklären. Allerdéngs wier och de Beschäftegungstaux an d‘Luucht gaangen. Dat wier eng gutt Nouvelle, esou IDEA.

Den Duerchschnëttsalter vun de schaffende Leit, inklusiv d‘Frontalieren, géif iwwerdeems bei 41 Joer leien. Dat bedeit eng Hausse vun iwwer 2 Joer zënter 2009. Dat wier zwar net exorbitant am europäesche Verglach, esou IDEA, mee et géif dorop hindeiten, datt d‘Aarbechtskräften hei am Land lues a lues méi al géife ginn.