Radioen

On air

Moiesstudio  |  Virwërf géint d'Conter Buergermeeschtesch: Bleift den OGBL bei senger Positioun?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sacharow-Mënscherechtspräis geet un d'Mahsa Amini

Mënscherechtspräis

Sacharow-Mënscherechtspräis geet un d'Mahsa Amini

De Sacharow-Mënscherechtspräis vum EU-Parlament geet dëst Joer posthum un d‘Iranerin Mahsa Amini. Déi 22 Joer al Fra, ass leschten Hierscht am Iran vun der Sittepolice festgeholl ginn, well se géint déi islamesch Kleederuerdnung verstouss hat. 

auto_stories

1 min

Duerno ass d'Mahsa Amini an de Koma gefall a gestuerwe. Hiren Doud huet am Iran a weltwäit massiv Protester ausgeléist.

De Sacharow-Präis gëtt zanter 1988 vum Europaparlament u Perséinlechkeeten oder Organisatioune verginn, déi sech fir d‘Mënscherechter an d‘Meenungsfräiheet asetzen. D‘lescht Joer war de Präis un dat ukrainescht Vollek gaangen.