De Gaspräis fir d'Menage loung Enn 2025 ronn duebel esou héich wéi virun der Kris 2022. Dat wieren d'Konsequenzen, déi Lëtzebuerg bis elo wéinst dem Krich am Noen Osten am däitlechsten ze spiere kréich, esou de STATEC a senger neier Note de conjoncture matgedeelt.
Weider Effekter kéinten awer nokommen, notamment duerch eng Hausse bei de Liewensmëttelpräisser.