arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carlo Thelen iwwer méiglech Mesuren: "Kënnen net méi mat der Strenz driwwerfueren"

Tripartite

|
reading time

2 min

Carlo Thelen iwwer méiglech Mesuren: "Kënnen net méi mat der Strenz driwwerfueren"

Dës Energiekrise wier anescht wéi déi, déi am Joer 2022 duerch de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain ausgeléist gi war, mengt de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce, well de Sputt an de Staatsfinanzen haut méi kleng wier, de Chômage héich wier an et kee Wirtschaftswuesstem géif ginn.

reading time

2 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Et wier wichteg gewiescht des Tripartite anzeberuffen a sech elo op verschidde Krisenzenarien anzestellen, sot den Direkter vun der Chambre de Commerce de Moien am 100,7-Interview.

Haut ass den éischte Koordinatiouns-rendez-vous am Dräierformat.

Schwiereg wirtschaftlech Situatioun

Och wann ee momentan nach net genee géif wëssen, wéi sech déi aktuell Energiekris entwéckelt a wéi laang se undauert wäert, wier et wichteg sech elo zesummen ze setzen an déi eenzel Zenarien duerch ze goen. Da kéint een och séier a cibléiert reagéieren, esou de Carlo Thelen. 

D’Betriber wiere souwisou schonn zënter 2022 ënner Drock well et zënterdeem zu Lëtzebuerg kee reelle Wuesstem méi gouf. Dobäi kënnt eng ekonomesch Situatioun mat belaaschte Staatsfinanzen an engem Chômage dee wiisst.

Mat der Strenz kéint de Staat des Kéier wuel net agéieren, esou de Carlo Thelen.

"Dofir muss een dës Kéier cibléiert Mesurë fannen. An dat ass, wéi gesot, wichteg, datt ee sech do zurzäit zesummesetzt, fir déi ze diskutéieren."

Et kéint een dës Kéier net "mat der Strenz driwwer ze fueren", well déi d'Moyenë wieren einfach net méi do, esou den Direkter vun der Handelskammer. Doriwwer eraus géifen och nach aner Ausgaben op de Staat duerkommen. 

"Wann een d'Defense kuckt, wa mer och déi Steierreform kucken, wa mer Ännerunge kucke vläicht op den Accisen, op der Tubakssteier, wa mer kucken d'Indemnisatioun vun de Frontalieren. Do si ganz vill Ausgabe kënnt een op eis duerkommen."

Héich Staatsausgabe beispillsweis am Bräich Defense

An dem Kontext huet de Carlo Thelen och déi ugekënnegt Steierreform genannt. Hei misst een iwwerdenken, ob déi esou wéi geplangt kéint realiséiert ginn. 

"Iwwerleeungen, déi do gemaach ginn, mee vläicht zu engem Moment gemaach gouf, wou nach, wou déi Kris hei nach net virauszegesi war an elo ass déi awer do."

Och hei misst ee sech iwwerleeen, ob net méi cibléiert Steiermesurë méi Sënnvoll wieren. 

"An elo misst ee vläicht awer eng Kéier kucken ob den Impakt net misst vläicht awer och hei méi cibléiert virgoen, op wierklech déi Contribuabel, déi am meeschte kéinten dervu profitéieren, fir do méi geziilt virzegoen."

Dat wier eng Iwwerleeung, déi een an dësem Kontext maache kéint, esou nach den Direkter vun der Chambre de Commerce.