Konkreet géifen déi Gesellschafte vun der Baufirma Baatz iwwerholl ginn, déi am Bau aktiv sinn. Dat ass ënner anerem am Génie civil, dem Demontage, der Dekontaminatioun an dem Materialrecycling. Déi géifen zesumme mat Perrard, enger Filial vun Eiffage Construction, déi schonn zu Lëtzebuerg aktiv ass, an den Eiffage Grupp integréiert ginn.
D‘Direktiounsekipp vu Baatz géif bleiwe fir eng Kontinuitéit vun de Servicer ze garantéieren, heescht et nach. Wat mat den anere Mataarbechter:inne vu Baatz geschitt, gëtt am Communiqué net gesot.
Fir Baatz schaffe 470 Leit.