arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugekënnegt Fermeture vun Indorama: Entrevue mat Ministere Spautz an Delles geplangt

Textilindustrie

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ugekënnegt Fermeture vun Indorama: Entrevue mat Ministere Spautz an Delles geplangt

No der Annonce vun Indorama Ventures, datt se hir Filial zu Stengefort d’nächst Joer zoumaache wëllt, stinn d’Gewerkschaften a Kontakt mat de bal 100 Salariéë vun der Firma.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D’Entreprise ass op d’Produktioun vun techneschen an industriellen Textilie spezialiséiert.

Eng Entrevue mam Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) a mam mam Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) ass fir een Donneschdeg geplangt.

Gewerkschaften: "brutal Entscheedung"

D’Gewerkschaften LCGB an OGBL weise sech schockéiert a bezeechnen d’Entscheedung vum Grupp, de Site zu Lëtzebuerg zouzemaachen, als “brutal”. Et missten all Mesurë betruecht ginn, fir déi industriell Aktivitéit hei am Land ze halen, esou am 100,7-Interview de Ricardo Ribeiro vum LCGB. Schonn an der Vergaangenheet hätten d’Gewerkschaften d’Entreprise ëmmer nees op hir Ofhängegkeet vun engem Haaptclient higewisen. Geschitt wier awer näischt, esou de Ricardo Ribeiro.

“Ganz kloer, also mir stellen eis d'Fro, ob de Betrib an de leschte Jore sech genuch diversifizéiert huet. Mir stelle fest, datt de Betrib en Haaptclient huet, deen e ganz groussen Deel vun de Volummen ausmécht. An dat ass och e Punkt, dee mer elo schonn oft an de Versammlungen ugeschwat hunn, a wéi e gesäit, sech och näischt geännert huet.”

Rezent Fermeture vu Filial a Frankräich

D’Gewerkschafte gesinn dann och een Zesummenhang tëschent der geplangter Fermeture zu Lëtzebuerg an der rezenter Fermeture vun enger anerer Filial nëmmen e puer Kilometer vun der Grenz ewech a Frankräich. De Ricardo Ribeiro:

“Zu Longlaville, do war e Site vun ongeféier 165 Salariéen. An et muss een haut verstoen, datt vun do de Fuedem geliwwert ginn ass. Dat heescht, de Produit, deen hei weider veraarbecht ginn ass, ass vu Longlaville geliwwert ginn. Déi Produktiounsstad ass elo Mëtt Juni agestallt ginn. (...) Et ass elo genuch Stock do, fir nach e puer Méint ze iwwerbrécken. Mee Fakt ass, et ass kee Produit méi do, fir weider veraarbecht ze ginn.”

Et géif ee sech also froen, op dat esou geplangt gewiescht wier, esou de Ricardo Ribeiro. Als Gewerkschafte jiddefalls wier ee schockéiert, wéi hei mat de Mataarbechter ëmgaang géif ginn. Um Donneschdeg hätt ee sech mat deene betraffene Leit, déi deels ganz spezialiséiert Beruffer ausübe géifen, ausgetosch.

Urgent Entrevue mat den zoustännege Ministeren

D’Ministere Marc Spautz a Lex Delles hätten iwwerdeems d’Demande vun de Gewerkschafte fir eng dringend Entrevue ugeholl. Deen Echange ass fir den nächsten Donneschdeg geplangt.

D’Firma Indorama Ventures mat Haaptsëtz an Thailand huet Fabricken an 31 Länner mat am Ganze ronn 24.500 Mataarbechter. Zu Lëtzebuerg ass Indorama zënter ronn 60 Joer aktiv.

play_arrow Lauschteren